Bevëlkerungswuesstem D'Leit hunn Angscht, loosst eis net driwwer schwätzen

An der Rifkin-Etude iwwer déi drëtt industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg geet Rieds vun engem staarke Bevëlkerungswuesstem iwwer déi nächst drësseg Joer. D'selwecht wéi an de Budgetsprognose gëtt fir 2040 mat bal enger Millioun Awunner gerechent. Dat opgrond vun Zuele vum europäesche Statistikamt. Datt den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch d'Thema vum Eng-Millioun-Awunner-Staat trotzdem als "Phantomdebatt" bezeechent, ass kontraproduktiv a souguer geféierlech.

Pia Oppel

Kommentar Pia Oppel

Eng Millioun Awunner, dat wier eng fiktiv Zuel, déi de Leit just Angscht mécht, seet de François Bausch. Dat ass virop eng zimlech eesäiteg Duerstellung. Well et gi sécher och Leit, déi anescht denken. Déi et flott géife fannen, wann d'Stied hei am Land méi Groussstad-Flair hätten. Déi zwar de Spadséiergank am Bësch mee net d'Villa am Grénge fir wäertvoll halen. Oder deenen et egal ass, wéi vill Leit am Beruffstrafic ënnerwee sinn, soulaang den ëffentlechen Transport gutt funktionéiert.

D'Feld de Populisten iwwerloossen?

Mee grad d'Leit, déi aus wéi enge Grënn och ëmmer effektiv Angscht hunn, léisst de Minister am Ree stoen, wann hien den Zeenario vun engem staarke Bevëlkerungswuesstem zum Tabuthema mécht. Mam Reproche, dëst wier eng Phantomdebatt, verweigert de Minister sech enger pluralistescher Diskussioun, an där sech eraus kéint schielen, wat politesch méiglech a wënschenswäert ass.

Dat ass am Virfeld vun de Gemengen- a Chamberwahlen ee Kaddo fir Populisten, déi hirersäits behaapte kënnen, si eleng géife sech ëm d'Ängschte vun de Leit këmmeren.

"Nee 2015, Wee 2050", déi beim Referendum zejoert als Initiativ géint d'Auslännerwahlrecht entstanen ass, huet d'Geleeënheet schonn erkannt: Op Facebook fuerderen hir Vertrieder, datt eppes géint de Stau gemaach gëtt - wat gläichgesat gëtt mat der Fuerderung no manner Frontalieren, manner Immigratioun an engem moderate Wuesstem.

Keng Debatt, keng Argumenter

Natierlech mécht et wéineg Sënn laangfristeg Prognose fir boer Mënz ze huelen an ze mengen, et kéint een d'Zukunft am Detail plangen. Mee dowéinst net driwwer ze schwätzen, op wéi eng Zeenarioen ee sech mëttelfristeg astellt, ass absurd. Da kann een och op Klimaschutzziler, eng kohärent Landesplanung, an d'Rifkin-Etude iwwer déi digital Revolutioun verzichten.

Déi blo-rout-gréng Koalitioun manövréiert sech domadder an eng Sakgaass. Dat huet och d'Oppositioun spatz kritt: D'CSV mécht sech zënter Méint ee Spaass draus, fir de prognostizéierte Bevëlkerungswuesstem ze kritiséieren. Ouni ze soen, wat d'Alternative sinn. An eiser Emissioun Riicht eraus konnt zum Beispill den CSV-Generalsekretär Laurent Zeimet net erklären, wéi seng Partei de Wuesstem da wéilt bremsen.

Tabuthema gesellschaftlech Kohäsioun

Firwat probéiert d'Regierung dann net z'erklären, wouhinner si wëll steieren? Dozou dréit sécherlech bäi, datt DP, LSAP an déi gréng a Saachen Nohaltegkeet a Wuesstemsmodell weder intern nach ënnerteneen ee kloert Konzept hunn. Dobäi kënnt awer och nach dat hei: Nom gescheiterte Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht huet d'Koalitioun de Courage verluer, fir iwwer d'Thema vum gesellschaftlechen Zesummenhalt ze schwätzen.

Dobäi ass d'Fro vun der demokratescher, sozialer an och sproochlecher Kohäsioun urgent: Egal ob a 24 Joer eng Millioun oder 700.000 Mënschen hei am Land liewen. Wéi d'Bevëlkerung wiisst - a wéi se zesummewiisst - ass also alles anescht, wéi eng Phantomdebatt. Amplaz "de Leit" Angscht z'ënnerstellen, missten d'Regierungsvertrieder hei also éischter hir eegen Ängschten iwwerwannen.

Méi zum Thema

Nico Clement - Claude Wiseler - Michel Wurth
Wuesstem

Bei der Ëmstellung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft op déi digital Welt soll och déi sozial Dimensioun respektéiert ginn. Doriwwer si sech OGBL, CSV a Chambre de Commerce eens.

Rifkin
Wuesstem

Wéi kann déi Drëtt Industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg erreecht ginn? Dorëm geet et an der strategescher Etude vum Jeremy Rifkin, déi kierzlech presentéiert gouf. Wéi d'Iddien ëmsetzen?

Loske - Weber - Welzer
Wuesstem

Wat fir eng Alternative ginn et zum Wuesstem? Doriwwer hunn de Soziolog Harald Welzer an den Ekonomist Reinhard Loske op Invitatioun vum Mouvement écologique diskutéiert.

Wat fir ee Wuesstem?
Wuesstem

"Wéi e qualitative Wuesstem fir eist Land?" Iwwer déi Fro hu Vertrieder vu Gewerkschaften, Patronat, Gemengen an ONGen op Initiativ vun der Regierung diskutéiert.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen