Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Erausfuerderunge vum Space Mining

Weltraumpolitik

D'Erausfuerderunge vum Space Mining

Space Mining wär ambitiéis awer net onrealistesch. Dat ass d'Aschätzung vum Direkter vum Europäeschen Institut fir Weltraumfuerschung. Hie begréisst déi avantgardistesch Approche vu Lëtzebuerg. Mam Jean-Jacques Tortora geet och Rieds iwwer d'euopäesch Weltraumpolitik.

auto_stories

3 min

Jean-Jacques Tortora, Direkter vumEuropäeschen Institut fir Weltraumfuerschung

D'Europäescht Institut fir Weltraumfuerschung zu Wien (ESPI) ass den eenzegen europäeschen Thinktank, dee sech mat der Weltraumpolitik vun der EU beschäftegt. Initiéiert ass d'Denkfabrik vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA an der éisträichescher Weltraumagence.

Den Direkter vum ESPI, de Jean-Jacques Tortora begréisst déi avantgardistesch Approche vu Lëtzebuerg, fir och mat ëffentleche Moyenen a Space Mining z'investéieren.

Hie gesäit dräi Zorte vun Erausfuerderungen:

  • Fir d'éischt stelle sech déi technesch Defien. Et muss ee bei d'Himmelskierper kommen, déi wäit ewech sinn. Et muss een drop landen, d'Moyene fir d'Exploitatioun deployéieren an d'Ressourcë sécher zeréck op d'Äerd bréngen.
  • Et mussen eng Rei juristesch Froe gekläert ginn: Wiem gehéieren déi Materialien? Wéi eng Konditiounen gëlle bei der kommerzieller Notzung vun dëse Ressourcen?
  • Et gëtt ganz kloer een ekonomeschen Challenge: D'Käschte vun der Infrastruktur a vum Ofbau mussen duerch d'Profitter um Geschäft amortiséiert ginn.

Bis haut géif et keng definitiv Äntwerten op déi Froe ginn. De Jean-Jacques Tortora zweiwelt net dorun, datt privat Investisseuren déi néideg Ressourcë wäerte mobiliséieren, fir de Projet z'erméiglechen.

Konsequenze fir Mënsch a Planéit

"Mir hunn eng Responsabilitéit par Rapport vun den zukünftege Generatiounen. D'Konsequenze vun de Minne wäerten irreversibel fir d'Himmelskierpere sinn." Et misst een zwëschent Planéiten an Asteroiden ënnerscheeden.

Bei Asteroide géif den Ofbau vu Ressourcen eis hëllefen, fir méi iwwer den Ursprong vum Universum gewuer ze ginn. Bei Planéite misst een den Impakt op den Ökosystem genee aschätzen. Am Virfeld misst ethesch a juristesch iwwer méiglech Konsequenze vun deenen Aktivitéiten nogeduecht ginn.

Lëtzebuerg als Space-Natioun?

Den Etienne Schneider gesäit Lëtzebuerg als zukünfteg zéngt gréisst Weltraum-Natioun. "Lëtzebuerg wäert net dat eenzegt Land sinn, wat sech fir de Space Mining wäert interesséieren." Et wär awer sécherlech e Virdeel, fir virun allen aneren domat unzefänken.

Staate wäerten dem Jean-Jacques Tortora senger Meenung no beim Space Mining eng manner grouss Roll spillen, wéi privat Entitéiten.

Europäesch Weltraum-Strategie

D'EU denkt momentan iwwer eng gemeinsam Weltraum-Strategie no. Den Haaptobjektiv dovu misst sinn, datt de Weltraum Europa misst accessibel bleiwen, an datt d'Sécherheet vun allen Operatiounen am Orbit misst garantéiert bleiwen, sou de Jean-Jacques Tortora.

Hie begréisst de Projet vun der Ariane 6. Zum Accès géif awer méi gehéieren, wéi eng Trägerrakéit. "Et brauch een och eppes fir an den All ze schéissen. Et brauch een also eng Industrie. Et brauch een autonomen Accès zu den Technologien, déi fir d'Weltraum-Projeten néideg sinn." Dofir misst d'EU de politesche Kader setzen.

Den Direkter vum ESPI mécht op d'Gefore vum Weltraum-Schrott opmierksam. Den Orbit misst fir Mënschen, Roboteren a Satellitte sécher bleiwen. En anere Sujet, mat deem virun allem d'Wëssenschaft sech misst beschäftegen, wäre Systemer fir d'Viraussoe vum Weltraumwieder. Sou Systemer géifen och beim Space-Mining hëllefen.