Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Entreprisen an déi ekologesch Responsabilitéit

Klimaschutz

D'Entreprisen an déi ekologesch Responsabilitéit

"Wuesstem an Ekologie si kee Widdersproch", ass virun allem de Mantra vun de grénge Ministeren. D'Intervenante vun enger rezenter Konferenz hunn hinnen zum Deel Recht ginn. Mee et gëtt nach vill ze dinn.

auto_stories

5 min

Den Asaz vu Solarenergie ass nëmmen eng vu villen Optiounen (Foto: Bigstock)

D'Unioun vun de Lëtzebuerger Entreprisen UEL hat déi Konferenz organiséiert, an Zesummenaarbecht mam Nohaltegkeets- an dem Wirtschaftsministère, an dem INDR, dem Institut fir d'nohalteg Entwécklung an déi sozial Responsabilitéit vun den Entreprisen. De Message un d'Entreprisë sollt sinn: Een ekologeschen Invest ass net eng Laascht, mee eng Chance. An dat sollt un Hand vu reelle Beispiller bewise ginn, also duerch Betriber déi elo scho méi nohalteg denken, an domat och gutt Erfahrunge gemaach hunn.

Zum Beispill den Industriebetrib Ceratizit, deen zu Mamer baséiert ass, an Deeler aus Haartmetall produzéiert. 1200 Leit schaffen hei, dat zum Deel an der Administratioun. Virun e puer Joer gouf zu Mamer en desastréise Klimabilan gezunn. "Mir hate guer keng Méiglechkeet fir d'Hëtzt aus eisem Produktiounsprozess ze recuperéieren. Eis Chaudièren hate 40 Joer, si mat Mazout gelaf a waren deelweis scho gerascht. Doriwwer eraus hunn eis Killsystemer suboptimal fonctionnéiert a mat den Autorisatioune ware mer ouni Zweiwel grenzwäerteg ënnerwee", erënnert de Paul Jung sech, hien ass Direkter vun den dräi Produktiounssitte vu Ceratizit zu Lëtzebuerg.

Sechs Milliounen Euro fir Energie ze spueren

D'Proprietairen hunn doropshin decidéiert radikal duerchzegräifen. Ee Ingenieursbüro ass beoptraagt gi fir ee Konzept auszeschaffen, mam Zil fir ee méi efficacen Energie-Management ze erreechen, ouni datt d'Produktioun misst och nëmmen zu engem Moment misst gestoppt ginn. Den Invest, deen du gemaach gouf war zolidd, mee hätt sech gelount, sou de Paul Jung.

"Mir hu sechs Milliounen Euro fir eis ganz Produktioun energetesch ze optimiséieren, also d'Gestioun vun Hëtzt, d'Ofkillen, d'Ventilatioun. Mir hunn dunn ee ganz neit Konzept ëmgesat, dat et bis dohin zu Lëtzebuerg nach ni gouf". Agesat gouf eng Technik déi et erlaabt, d'Hëtzt aus der Produktioun opzefänken, a gläichzäiteg d'Produktiounshal an d'Bureauen ze killen. Ënnerstëtzung krut d'Entreprise dofir vum Wirtschaftsministère.

"Wann et ze waarm gëtt verdeele mir Waasser"

An de Büroen vu Ceratizit ginn et iwwregens haut keng Klimaanlagen. "Wann et ze waarm gëtt, verdeele mir Waasser a maache méi Pausen", sou de Paul Jung. "Mir kënnen d'Wieder net änneren, also kommt mir liewen domat!".

Eng ähnlech Approche huet de Jean-Luc Majerus. Säi Betrib Majerus-Parmentier mat Sëtz zu Housen, huet sech 2010 op nohaltegt Baue spezialiséiert. Ee vu senge Mottoen ass: "Besser intelligent Energie verschwenden, wann d'Sonn do ass, wéi sech domm ze spueren". An der Praxis heescht dat, zum Beispill, datt een d'Energie Sonn op der richteger Plaz notzt, an net Energie doduerch verbraucht, datt een hier Wäermt an engem Gebai ofkillt. Dofir wier een integraalt Konzept néideg. "D'Handwierk muss sech an deem Sënn erëm op seng Fundamenter, seng Stäerkte konzentréieren. D'Kapassitéiten sinn do", verséchert de Jean-Luc Majerus.

Klimaschiedlechen Transport

D'europäesch Unioun wëll bis 2030 hier d'Zäregas-Emissiounen em 40 Prozent erofschrauwen, am Verglach mat 1990. "Op nationalem Niveau, also am Transport, am Haiserbau, an der Landwirtschaft, an der Offallgestioun a bei de Fluorgaser, mussen d'Emissiounen em 30 Prozent am Verglach mat 2005 erofgoen", sot d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op der Konferenz.

Dat Zil kann nëmmen iwwert Mesuren am Transport erreecht ginn, do ass den Tom Eischen sech sécher. De Regierungskommissär fir Energie seet, et géif sech ee kloert Bild ergi wann een d'Emissioune pro Secteur eenzel analyséiert. Och ouni den Effekt vum Export vu Brennstoffer ass den Transport dee Secteur an deem am meeschte CO2 ausgestouss gëtt. "Ouni d'Exporter sinn d'Proportiounen déiselwecht wéi mat den Exporter: Den Transport ass fir 34 Prozent vun den Zäregase verantwortlech, d'Industrie fir 28 Prozent an d'Stéit fir 21 Prozent", erkläert den Tom Eischen.

"Jidderren ass fir de Wandel, mee..."

D'Sociétéit ALD Automotive huet sech am Beräich vun de Leasingsautoe spezialiséiert. Allerdéngs seet den Administrateur délégué, Dominique Roger, et wier ee villméi Mobilitéitsprovider wéi Leasingsprovider. Zanter Kuerzem bitt d'Societéit an deem Sënn zum Beispill och Vëloen, klassesch oder Elektro, am Leasing un. Oder eng Entreprise least eng ganz Autosflott, mat verschiddenen, och méi ëmweltfrëndleche Modellen, déi nach jee no Besoin kënnen agesat ginn.

Den Dominque Roger ass sech awer sécher datt de Verbrennungsmotor eng Zukunft huet, och wann säin Image net gutt wier, wat hie bedauert. "D'Efforten déi Autosindustrie gemaach huet ginn e bëssen ënnerschat. D'Autoe ginn haut ëmmer méi sécher a méi komfortabel, gläichzäiteg bréngen se méi Leeschtung a verbrauche vill manner", sou den Dominique Roger.

D'Nofro no den nohaltegen Offere bei ALD Automotive hält sech iwwerdeems a Grenzen. Dat géif och weisen, datt nach vill misst gemaach ginn, och politesch, fënnt den Dominique Roger. "Mir schwätzen hautdesdaags vill iwwer 'change management' a jidderee seet e wier ganz fir de Wandel, mee wann et drop ukënnt ass et just ëmgedréint, a mir wëllen iwwerhaapt näischt änneren". Den Dominique Roger gleeft net drun, datt eben dee Wandel vu de Leit selwer kënnt, ouni datt Incitatiounen oder och Strofen agefouert ginn.

Ee "Guichet unique" fir Bäihëllefen am Wunnengsbau

Dat seet och den Entrepreneur Jean-Luc Majerus. Problematesch a sengem Secteur wier, zum Beispill, datt de System vun de Bäihëllefe fir energieeffizient Bauen oft schwéier ze verstoe wier.

De Staatssekretär am Ëmweltministère, Camille Gira huet deem op der Konferenz entgéint gehal, datt un engem "Guichet unique" fir d'Bäihëllefen am Wunnengsbau geschafft gëtt. "Dir hutt Recht, de Moment ass de System ze komplizéiert", sou de Camille Gira. Verbesserunge géifen et awer scho bei den Delaie ginn. Hien an d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hätten déi vun 18 op dräi Méint erofgesat.

D'Regierung géif d'Entreprisen och weider ënnerstëtze wann et drëm geet nohalteg ze fonctionnéieren, sou de Camille Gira an d'Carole Dieschbourg. Lëtzebuerg wier och um gudde Wee. Et hätt een et zum Beispill gepackt, d'Zäregas-Emissioune vum demographeschen a wirtschaftleche Wuesstem ofzekoppelen. Éischt Schrëtt si gemaach, vill wäerten der mussen nokommen.