Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt d'Gestioun vun 100 Wunnengen

Flüchtlingen

D'Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt d'Gestioun vun 100 Wunnengen

D’Agence Immobilière Sociale iwwerhëlt deemnächst de Suivi vun 100 Wunnenge vum OLAI. Eng 500 bis 600 Flüchtlingen, déi den Asylstatut hunn, musse relogéiert ginn. Wunnraum gëtt et genuch.

auto_stories

2 min

Flüchtlingen déi den Asylstatut hunn, hunn déi selwecht sozial Rechter wéi aner Residenten. Am Ufank brauche Flüchtlingen awer ee soziale Suivi besonnesch bei der Sich no Wunnraum.

Hëllef fir Leit mam Asylstatut

Den OLAI wëllt sech an Zukunft op déi Asyldemandeure konzentréieren, déi nach an der Prozedur sinn. Organisatiounen, déi am soziale Beräich aktiv sinn, iwwerhuelen de Suivi vun deene Persounen, déi de Asylstatut hunn.

De Gilles Hempel, Direkter vun der Agence Immobilière Sociale huet confirméiert, datt seng Agence iwwer 100 Wunnenge vum OLAI, dem Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration iwwerhëlt. Gläichzäiteg organiséiert d'AIS de sozialen Accompagnement vun deene Leit, déi do wunnen an de Statut hunn. Si kréie gehollef, fir aus hirer precairer Situatioun eraus ze kommen. Och den technesche Suivi vun de Wunnenge gëtt assuréiert.

Den Inneminister Dan Kersch hat een Appel un d’Gemenge lancéiert, fir um Immobiliemaart eidel Wunnengen ze fannen, déi nom Modell vun der Agence immobilière sociale kéinte weider verlount ginn, un Asyldemandeuren, an u Persounen déi a Wunnengsnout sinn. Tëscht 500 a 600 Refugiéë misste relogéiert ginn.

Genuch Wunnraum

Eng geschaten 10.000 Logementer sollen dem Gilles Hempel no zu Lëtzebuerg dauerhaft eidel stoen. Wunnraum géif et also genuch, dee misst just gelount an eventuell ugestrach ginn. De Familljen- an Integratiounsministère hätt dat néidegt Personal dofir an Aussiicht gestallt.

D’AIS ass landeswäit aktiv, an huet mat 11 Gemengen eng Conventioun. Doran engagéieren d’Gemenge sech een Deel vun de Personalkäschten ze droen. Verhandlungen iwwer Conventioune mat 15 weidere Gemenge sinn am gaangen. Gemengen, déi dat selwer wëllen maachen, kënnen och eng Ënnerstëtzung vun der AIS kréien.

D’AIS huet och ee Projet fir eng Antenne am Norde vum Land opzemaachen. Een Techniker an een Assitant social solle vun do aus de Beneficiairen ee Suivi am Norden assuréieren. D’AIS geréiert 220 Wunnengen, an encadréiert 682 Beneficiairen.