Zanter dem 30. Juni kann een an der Wild Project Gallery an der Louvignygaass eng Kënschtlerin kenneléieren, déi nach ni virdrun hier Wierker ausgestallt huet. Trotzdem huet si zéngdausenden Unhänger uechter d'Welt.
D'Izumi Miyazaki huet just 20 Joer. Iwwer déi sozial Medien ass de Galerist Renaud Bergonzo op hir Aarbecht opmierksam ginn. Duerch seng Famill a Japan ass de Kontakt mat der Kënschtlerin entstanen. Well si extrem schei wär, wär et schwéier gewiescht, u si erun ze kommen, erzielt hien.
Selfie fir d'Galerie
Den Auto-Portrait ass de Sujet vun der japanescher Kënschtlerin. Fir si wär d'Aarbecht un dësem schwéieren Thema ganz perséinlech a spilleresch. Et wär eng Art a Weis fir ee ganz bestëmmtent Bild vun der japanescher Fra z'erfaassen. Zu Tokyo misst ee sech ëmmer nei erfannen. "A wann ee schei ass, wou wéi d'Izumi, dann ass dat nach méi schwéier."
Op eng klassesch Manéier gi Wierker vun enger Kënschtlerin ausgestallt, déi an enger numerescher Welt lieft. Am 2.0, an der Welt vu Facebook, Twitter, Instagram a vum Selfie.
D'Izumi Miyazaki ass op all Bild drop, mol am Singulier, mol am Pluriel. Awer ni als Copy-Paste.
Deel vun der Fukushima-Generatioun
Sou eng intensiv Kënschtlerpräsenz héiert sech zimlech egozentresch un. Awer d'Kënschtlerin ass als Motiv vun enger gräifbarer Zerbriechlechkeet an Douceheet.
Individualismus wär näischt, wat a Japan positiv konnotéiert ass, erkläert de Japankenner a Galerist Renaud Bergonzo. Et géif gemeinsam geduecht fir zesummen erauszekommen. "D'Izumi ass Deel vun der Generatioun, déi den Tsunami a Fukushima materlieft hunn." Well a Japan quasi all Mount en Äerdbiewe wier, géifen d'Japaner léieren, mat hirer Fragilitéit an engem brutalen Ëmfeld ëmzegoen.
Déi jonk Kënschtlerin weist och Installatiounen. Um éischte Stack vun der Wild Project Gallery gesäit een en nidderegen Dësch, dee mat enger Nappe bedeckt ass. Vun där aus strahlt natierlech d'Gesiicht vum Izumi Miyazaki entgéint. An da steet do och nach eng Stèle. A Japan ginn an dësem Objet Reliquien aus den Haiser vun de Virfare conservéiert.
Izumi from outer space
An dann, op zwou kleng Baguetten, déi vum Plafong erof hängen an d’Visiteuren alueden och e Selfie ze maachen, mat de Baguette als Huesenouren.
Originell, witzeg, beréierend an expressiv sinn d'Wierker vun der Izumi Miyazaki. "Si ass een Ausserierdeschen, dee vum Planéit Poesie kënnt", schwäermt de Renaud Bergonzo. "Si ass op d'Äerd komm, fir datt mir alles méi einfach a méi douce duerch hire Filter gesinn."
Zanter engem Joer bitt d'Wild Project Gallery an der Stad Nowuesstalenter eng Plattform fir hir Wierker auszestellen. D'Galerie proposéiert fënnef Ausstellungen am Joer. Am Fokus steet d'Diversitéit vun der zäitgenëssescher Konscht.
"Eng Galerie ass keen Ausstellungsraum. Et ass ee Raum, deen ee Wierk begleet", sou de Galerist Renaud Bergonzo. D'Galerie wär e Relais fir d'Wierk, wat duerno am beschte Fall an engem Musée oder bei engem Collectionneur géif landen.
Um Web
Wild Project Gallery: http://www.wildprojectgallery.com/
Izumi Miyazaki op Tumblr: 未設定