Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ COP21 - Eng Publikumsbeschimpfung

Wirtschaftschronik

COP21 - Eng Publikumsbeschimpfung

1968 haten 61 Prozent vun den Autoen zu Lëtzebuerg manner wéi 1,5 Liter Hubraum. Haut sinn et nëmme méi 22 Prozent. Zu Paräis kann nëmmen dat duerchgesat ginn, wat mir all bereet si matzedroen. Eng Wirtschaftschronik vum Jean-Paul Hoffmann.

auto_stories

4 min

Jean-Paul Hoffmann

D’Klimakonferenz zu Paräis ass elo amgaang. Mee et ass jo nëmmen zum Deel ëm de Klima wou et hei geet. It’s about the economy, stupid. Et geet ëm Geld an ëm Wirtschaftsinteressen. Et geet drëm, wéivill Käschte mir elo - haut - bereet sinn ze droen, fir laangfristeg méi héich Käschten oder irreversibel Schied fir d’Ëmwelt ze verhënneren.

COP21, dat ass also en ëmweltpoliteschen Event, mat evidente wirtschaftlechen Dimensiounen. Gemanaged gëtt dat Ganzt vun Politiker. D’Wette lafen, wéi esou eppes ausgoe kann. Mat Kompromësser, natierlech. Well d’Politik huet kuerzfristeg Interessen, baluckt op hir respektiv Elektorater, a versicht erauszefannen, wéivill kuerzfristeg Sacrificen hire Wielerschaften kënnen zougemutt ginn.

Hir Wielerschaften. Dat heescht: Leit wéi Dir an ech.

Leit wéi Dir an ech, déi wëssen - oder och net - dass de Barometer op Stuerm steet. Dass 2015 dat wäermst Joer war, zanter dass Miessunge gemaach ginn. Dass d’CO2 Konzentratioun an der Atmosphär dëst Joer 400 ppm iwwerschratt huet. Dass vill Stëmmen an der Wirtschaft zanter Joren eng verstänneg Aart a Weis fuerderen, fir CO2-Emissiounen ze besteieren. Déi och wëssen, dass esouguer wann all Mesuren, déi zu Paräis um Dësch leie géingen duerchgesat ginn, de Welt-Klima ëmmer nach méi wéi 2 Grad Celsius méi waarm géing ginn.

Natierlech gëtt et de Camp vun de Revisionisten, déi d’Klima-Erwäermung per se unzweiwelen. Mee wa mir jo éierlech sinn, sinn et d’Leit wéi Dir an ech, d’Elektorater, déi hiren  Delegatiounen zu Paräis in fine d’excuse liwweren fir d’Ambitioune vun der Klimakonferenz no ënnen ze ajustéieren.

Eng Ëmfro, déi d’BBC an 20 Länner maache gelooss huet, seet, dass nëmmen a véier dovun eng Majoritéit dofir ass, dass d’Paräiser Klimakonferenz sollt ambitiéis Zieler setzen. Virun der Klimakonferenz vu Kopenhagen ware vun deenen 20 Länner der nach néng dofir. A Kopenhagen war alles anescht wéi e Succès.

En anert Beispill, e bësse méi no doheem. Ongeféier 50 Prozent vun den Zäre Gasen, déi Lëtzebuerg produzéiert, kommen aus dem Transport-Secteur. Stéchwuert Autosverkéier. Bon, elo wësse mir dass d’Majoritéit vum Benzin an Diesel, deen hei am Land verkaf gëtt, zéng Minutte méi spéit iwwer d’Grenz ass. Mee den Tanktourismus ass hei net de Punkt. De Punkt ass, och mir Lëtzebuerger a Residenten fueren Auto, a generéieren Zäre Gase. Iwweregens par tête de pipe méi wéi aner Natiounen.

An hei ass dann an deem Kontext eng interessant Statistik. Trotz allem Fortschrëtt an der Technik, an trotz der méi héijer Effizienz vun de Motoren kafe mir Lëtzebuerger a Residenten léiwer méi grouss wéi méi kleng. Dat gëllt esouwuel fir d’ Autoen wéi fir hir Motoren.

1968 - dat war déi Zäit wou et nach Deux chevauxe gouf - haten 61 Prozent vun den Autoen hei am Land Motore mat manner wéi 1,5 Liter Hubraum. 61 Prozent. Haut ass dëse Prozentsaz erof op 22 Prozent. Haut hu 55 Prozent vun den Autoe Motoren tëscht 1,5 an 2 Liter – duebel esou vill wéi 1968. A bei deenen iwwer 2 Liter goung den Undeel vu 14 Prozent op iwwer 22 Prozent. E puer PS méi kënne jo näischt schueden. Et muss ee jo weiderkommen am Liewen.

Wéi gesot. Zu Paräis kann nëmmen dat duerchgesat ginn, wat mir all bereet si matzedroen - och aner Natiounen wëlle weiderkommen an iwwerliewen.