arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CMCM-Deal mat der FLF: Marketing oder Sponsoring?

Caisse médico-complémentaire m

|
reading time

3 min

CMCM-Deal mat der FLF: Marketing oder Sponsoring?

D’Caisse médico-complémentaire mutualiste CMCM huet den 10. August e Sponsoring Kontrakt fir véier Joer mat der Lëtzebuerger Futtballfederatioun ënnerschriwwen. Dat soll hëllefen, der CMCM nei Memberen ze bréngen. D'Kollaboratioun mat der FLF huet awer och Kritike vu CMCM Memberen ervirbruecht.

reading time

3 min

Eng vun de Kritiken ass d'Fro, op d'Sponsoring Aktivitéit de Statuten an der Philosophie vun enger Mutualitéit entsprécht. Fir de Generaldirekter vun der Caisse Médico, de Fabio Secci, ass et dofir wichteg, d’Kollaboratioun mat der FLF an dee richtege Kontext ze setzen.

Zanter 2010 géing et bei der CMCM en negativen Trend bei de Membere ginn. De Fabio Secci schwätzt vun enger Perte vu véier bis fënnef Prozent am Joer. Donieft wier den Duerchschnëttsalter zënter 2010 eropgaangen, vu 55 op 57 Joer.

Publicitéit duerch Futtball

Fir deen Trend ze stoppen huet d’Caisse-Medico, nieft neiem Logo, eng nei Marketing-Strategie an de Medie lancéiert. Mee Televisiounsspotten a Messagen an der Press sinn deier.

Beim Akkord mat der Futtball-Federatioun wier d'Präis-Leeschtungs-Verhältnis vill besser, mengt de Fabio Secci. De Sport wier gutt als Message, de Futtball immens populär. D'CMCM géing vill aus deem Deal gewannen. "D'Arbittere wäerten ab dem nächste Weekend CMCM op hirem Trickot stoen hunn." Donieft hätt d'FLF eng offiziell Zeitung an eng regelméisseg Sendung op RTL. Do kéint Publicitéit fir d'Mutualitéit gemaach ginn, seet den CMCM-Generaldirekter. "Mir kënne gezielt jonke Leit d'Mutualitéit méi no bréngen an domat versichen, si ze rekrutéieren."

Vill Kritik

Iwwert de Präis, deen d'Caisse-Médico fir den Deal bezuelt huet, seet hire Generaldirekter, et géing sech net ëm 100 Dausenden Euro handelen. "Et ass e verschwindent klenge Betrag". Ëm wat fir eng Zomm et geet, wëll de Fabio Secci awer net soen. D'FLF wéilt dës Informatioun net publique maachen.

D’Kritike vu veschiddene CMCM Membere kann de Generaldirekter verstoen. Hien hätt eng Dosen Emailen, zéng Bréiwer an e puer Appeller kritt, et géifen awer vill méi kritesch Messagen zirkuléieren. Vill Leit wieren der Meenung, et wier besser gewiescht, déi Suen, déi d'FLF kritt ze benotzen, fir méi Leeschtunge un d'Memberen auszebezuelen. "Dat ass eng ligitim Fro", esou de Fabio Secci. "Mee wann ech Iech elo soen, datt dat bei Wäitem manner wéi en hallwen Euro pro Famill ass, da wësst Dir ongeféier d'Gréisstenuerdnung."

"Mir dierfen dat"

De Fabio Secci gesäit d’Kollaboratioun mat der FLF dann net als Sponsoring, mee als Marketing Aktivitéit. Déi wier absolut kompatibel mat de Statute vun der CMCM. D'Mutualitéit vergläicht sech mat den a.s.b.l.en am karitative Beräich. "Eng Croix-Rouge an eng Fondatioun Kriibskrank Kanner maachen natierlech och Publicitéit oder Marketing."

De Fabio Secci verséchert awer, datt d'Kotisatioune bei der CMCM net wäerten eropgoen. Donieft géingen d'Prestatiounen 2017 an d'Luucht gesat ginn.

D’CMCM assuréiert 137.000 Familljen an huet am Ganzen 270.000 Memberen.


Lauschtert hei de Bäitrag vum Pierre Reyland:

play_arrow CMCM-Deal mat FLF