Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ China an USA ratifizéiere Klimaschutzaccord

Klima

China an USA ratifizéiere Klimaschutzaccord

Den US-President Barack Obama an de chinesesche Staatschef Xi Jinping hunn dem UNO-Generalsekretär Ban Ki Moon déi offiziell Ratifizéierungsdokumenter iwwerreecht. USA a China si fir 40 Prozent vun de weltwäiten Zäregasenemissioune responsabel. Zu Lëtzebuerg ass de Klimaschutzaccord nach net ratifizéiert.

auto_stories

2 min

Zu Lëtzebuerg ass de Klimaschutzaccord nach net ratifizéiert ginn. Foto: Bigstock / Sergey Shcherbakov

De Barack Obama an de Xi Jingping hunn déi Natiounen, déi de Klimaschutzaccord am Dezember zu Paräis mat ënnerschriwwen hunn, dozou opgeruff sech hinnen unzeschléissen. "Dësen Accord kéint vun den zukünftege Generatiounen als deen Ament gesi ginn, an deem mir endlech decidéiert hunn eise Planéit ze retten", sot de Barack Obama.

Fir a Kraaft ze triede muss deen Accord vu 55 Länner ratifizéiert ginn, déi 55% vun de weltwäite CO2-Emissiounen ausmaachen.

Bis elo hu 24 Staaten de Klimaschutzaccord ratifizéiert. Si sinn awer just fir 1,08 Prozent vun de weltwäiten Zäregasenemissioune responsabel. Besonnesch Inselstaate leiden ënnert dem Klimawandel.

Zu Lëtzebuerg nach net ratifizéiert

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg weist sech frou doriwwer, datt déi zwou grouss Natioune China an USA dëse Schratt ënnerholl hunn. Dat géing Dynamik an de Ratifzéierungsprozess bréngen, aner Länner mobiliséieren a kéint dozou féieren, datt den Accord nach virum Enn vum Joer a Kraaft triede kéint. "Haut ass e groussen Dag fir all déi, déi sech esou aktiv zu Paräis fir de Klima agesat hunn".

Zu Lëtzebuerg wier de Ratifizéierungsprozess lancéiert ginn, esou d'Carole Dieschbourg. Si hofft, datt d'Chamber den Accord nach virun der Klimakonferenz vu Marrakesch kéint stëmmen.

De Grand-Duché soll bis 2030 d'CO2-Ausstéiss ëm 40 Prozent am Verglach zu 2005 reduzéieren.

Concernéiert wieren déi Secteuren, déi net ënnert dem europäeschen CO2-Emissiouns-Handel falen, seet d'Carole Dieschbourg. Dat wieren de Bau, d'Landwirtschaft, den Transport oder nach d'Offallgestioun. Fir d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg ass fir de Grand-Duché den Transport eng Prioritéit. Dee mécht zu Lëtzebuerg 60% vun den CO2-Emissiounen aus.


Klimaschutzaccord vun USA a China ratifizéiertplay_arrow

D'Carole Dieschbourg am Interview mam Carole Schimmerplay_arrow