D'LSAP-Deputéiert Tess Burton, 1985 gebuer an Zweetgewielt am Bezierk Osten, dierft 100,7-Informatiounen no an d'Regierung noréckelen. Spekuléiert gouf och, dass d’Francine Closener Ministesch géif ginn an d’Tess Burton Staatssekretärin. D’Francine Closener sot awer an engem Interview mam Magazin Paperjam, si wéilt hir aktuell Responsabilitéiten als Staatssekretärin behalen an net Ministesch ginn.
Schmit: Kee Kommentar
Eng Regierungsëmbildung hängt awer nach dovunner of, ob de Nicolas Schmit Member vum Europäesche Rechnungshaff gëtt, fir den Henri Grethen z'ersetzen. Den DP-Politiker ass gefrot ginn fir President vun der Spuerkees ze ginn, mee brauch nach gréng Lut vun der europäescher Zentralbank. Den Aarbechtsminister selwer huet dat bis elo net ëffentlech kommentéiert. Fir den Aarbechtsministère z’iwwerhuelen gëtt am Moment de Sozialminister Romain Schneider gehandelt.
Falls de Wiessel vum Henri Grethen oder deen vum Nicolas Schmit vun der Europäescher Zentralbank respektiv vum Rechnungshaff net sollten approuvéiert ginn, da géif de Nicolas Schmit an der Regierung bleiwen. "Firwat sollt hien dat net maachen?", sou den LSAP-President Claude Haagen am 100,7-Interview. Hie war iwwerdeems dovun ausgaang, datt de Nicolas Schmit säi Mandat als Minister wéilt op een Enn bréngen. "Hie sot datt hien net mat an déi nächst Chamberwahlen goen, du war fir mech evident, datt hien säi Mandat wéilt fäerdeg maachen".
"E bëssen Onrou an d'Partei"
Den LSAP-Parteipresident huet och zouginn, datt déi aktuell Situatioun "e bëssen Onrou an d'Partei" géif bréngen. Allerdéngs géif hien sech keng Suerge maachen, well seng Partei gutt opgestallt wier. "Mir hu vill jonk Leit, ob Fraen oder Männer, déi och kënne Regierungsverantwortung iwwerhuelen".
Den LSAP-Parteipresident Claude Haagen sot ons och et wier logesch, dass wann de Nicolas Schmit als Aarbechtsminister geet, den Osten ee Regierung-Mandataire behält. Iwwer Persounen a Ressorten wollt hien – mat Verweis op parteiintern Prozeduren – um Dënschdeg näischt soen.
Burton: "Wann ee bei de Chamberwahle matgeet..."
D'Deputéiert Tess Burton wollt no der LSAP-Fraktiounssëtzung um Dënschdeg kee Kommentar ofginn zu den Diskussiounen ronderëm hir Persoun. Op d'Fro ob si prinzipiell bereet wier, ee Ministeschposten unzehuelen sot si dem radio 100,7: "Wann ee bei de Chamberwahlen matgeet, da misst een och bereet sinn ee Posten an der Regierung unzehuelen, dat ass d'Äntwert op eng Kandidatur bei de Wahlen". Dat wier awer just Theorie.
Ee neie Moment géif et iwwerdeems no der Fraktiounssëtzung net ginn. No der Sëtzung vum LSAP-Exekutivcomité um Méindeg an der Fraktiounssëtzung um Dënschdeg, ass d'nächst Woch d'Parteileedung vun der LSAP beieneen.