En "haarden an eeschten Aarbechtskampf" huet den LCGB dësen 9. November annoncéiert fir "Drock opzebaue bis de Patron alenkt". De chrëschtleche Gewerkschaftsbond, grad wéi d'Pilotenassociatioun ALPL sinn net averstan mam Kollektivvertrag, sou wéi en am Moment um Dësch läit. Den LCGB huet den Echec vun der Conciliatioun festgestallt an ass domat anerer Meenung wéi den OGBL a wéi d'CLSC, déi d'Buedempersonal vertrëtt.
Den Echec vun der Conciliatioun ass d'Viraussetzung fir e Streik. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit ass allerdéngs der Meenung, dem LCGB seng Deklaratioun vun der "Non-Conciliatioun" wier net am Aklang mam Gesetz, well d'Conciliatioun zwar ugefrot, mee guer net iwwer d'Bühn gaang wier. "Et ass net zu enger Non-Conciliatioun komm, well d'Conciliatioun zwar rechtméisseg aberuff war, mee awer ni stattfonnt huet, ënner anerem op Demande vum LCGB", seet den Nicolas Schmit.
Kënnen den OGBL an d'CLSC de Kollektivvertrag ouni den LCGB ënnerschreiwen ?
Den OGBL wëll elo mat de Stëmme vun der CLSC den neie Kollektivvertrag mat der Direktioun ënnerschreiwen, ouni den LCGB. Den Aarbechtsminister seet, hie géing e Vertrag guttheeschen, dee vun der Vertriedung vu méi wéi der Hallschent vum Personal ënnerschriwwe gëtt, dem OGBL an der CLSC also. “Mir hunn dat verifiéiert”, esou den Nicolas Schmit.
Den LCGB ass iwwerrascht iwwert dës Aussoen: den Aloyse Kapweiler betount, datt d'CLSC-Lescht neutral wier, a laut Aarbechtsrecht net kéint un der Ënnerschrëft vun engem Vertrag bedeelegt ginn. "Wann eng Gewerkschaft alleng eppes wëll ënnerschreiwen, da ka se dat maachen, mee si muss 50 % hunn an déi hunn d'Kollege [vum OGBL] net. D'Stëmme vun den neutrale Kandidate gëllen net", sou dem Aloyse Kapweiler seng Interpretatioun vun der Situatioun.
Et ginn also Divergenzen iwwert déi aktuell rechtlech Situatioun. Den OGBL huet, sou wéi d'Aarbechtsrecht et virschreift, dem LCGB en Délai vun aacht Deeg gi fir seng Positioun ze änneren. Geschitt dat net, da gëtt den neie Kontrakt ouni den LCGB ënnerschriwwen an de Minister muss dann decidéieren, ob de Kollektivvertrag homologéiert gëtt oder net.
Bei der Cargolux schaffe ronn 1600 Persounen. D'Direktioun huet rezent versprach, se géif deen ale Kollektivvertrag applizéiere bis en neien Accord virleie géif.
Lauschtert de Bäitrag aus eisem Mëttespanorama: