Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Campus Belval: Gedold gefrot

Unisliewen

Campus Belval: Gedold gefrot

De Vize-Rekteur vun der Uni Lëtzebuerg Roman Martin mengt, datt et nach zéng Joer dauert, bis de Site Belval zu deem Aushängeschëld gëtt, dat sech erwaart gëtt. Fir de Moment awer rifft hien op, gedëlleg ze sinn.

auto_stories

2 min

Campus Belval. Foto: Michel Brumat

De Romain Martin, Vize-Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, verstoppt net, datt d'Studenteliewen um Escher Site eréischt lues un d'Rulle kënnt. Mee hie relativéiert och: "Dir kënnt net de Knäppchen ëmleeën, op e ganz neie Site kommen an da mengen, et géif alles direkt fonctionnéieren". Et wier an deem Sënn wichteg, dorun ze denken, datt d'Uni eréischt 2015 op de Belval geplënnert ass.

De Romain Martin rechent domat, datt et nach zéng Joer wäert daueren, bis de Site Belval ee Site gëtt "op deen alles kuckt". Lo wier et wichteg, datt eng "Opbrochstëmmung" um Site opkënnt. An dofir misst jidderee sech mobiliséieren - ugefaange bei der zentraler Administratioun vun der Uni. "De ganze Management huet do eng Aufgab", esou de Romain Martin. Weider wichteg Acteure wieren an deem Kontext de Fonds Belval, d'Regierung an "natierlech" d'Studenten, déi sech "och" misse "mobiliséieren".

"Eis Cliente sinn d'Studenten"

De Site Belval - an domat och d'Unisgebaier - fonctionnéiere nom Prinzip vun der Mëschnotzung. D'Uni huet zum Beispill keen Exklusivrecht op de groussen Auditoire an der Maison du savoir. Dee gëtt vum Fong Belval och un extern Acteure verlount. De Romain Martin seet, fir ee gudden Oflaf ze garantéieren, wier d'Kommunikatioun mam Fonds Belval essentiell. Déi géif dem Vize-Rekter no an der Tëschenzäit besser fonctionnéieren.

Wichteg wier, genee ze wëssen, wéi een Acteur wat bräicht a wéi eng Klientel soll ugeschwat ginn. "Eis Cliente si ganz kloer eis Studenten, an deene wëlle mer een optimale Service bidden", ënnersträicht de Romain Martin. "De Fonds Belval wëll nach aner Acteuren uschwätzen an dat ass ze verstoen, wann ee sech d'Infrastruktur hei ukuckt".

Eng nei Studentevertriedung

Als Fortschrëtt gesäit de Romain Martin ënner anerem, datt d'Uni elo nieft de Studentenassociatiounen ee weideren offiziellen Uspriechpartner ënnert de Studenten hätt: Nämlech Studentevertrieder, déi kuerz no der Rentrée fir d'éischte Kéier gewielt gouwen. Eng 90 Leit wieren zesumme komm. Iwwert si soll den Austausch mat de Studenten verstäerkt ginn, betount de Romain Martin. Elo géif nach un enger Prozedur geschafft ginn, fir aus deenen 90 Leit ee méi klenge Grupp zesummenzestellen. Dee géif den direkten Uspriechpartner fir d'Uni ginn.

De 6. Dezember trëfft d'Uni sech mat de klassesche Studentenassociatiounen um Belval, fir datt déi d'Schlëssele kréie vum fréieren Adem-Container. Dorop hu si laang gewaart: Bis elo - a soulaang d'Maison des arts et des étudiants um Belval net fäerdeg ass - hate si um Site keng eege Plaz.


Panorama Bäitragplay_arrow