Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Madonna - Into the Groove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi geet et elo weider?

Brexit

Wéi geet et elo weider?

D'Reaktiounen zum Brexit hunn et gewisen: Europa ass, mam Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU, an enger neier Situatioun. D'Austrëttsverhandlunge kéinte sech an d'Längt zéien.

auto_stories

2 min

Mam Brexit komme laang Verhandlungen op Bréissel zou

Observateure ginn dovun aus, datt d'Verhandlungen tëscht der EU a Groussbritannien sech wäerten iwwert Joren zéien. Nieft dem formalen EU-Austrëtt vum britesche Kinnekräich, mussen och déi zukünfteg Relatiounen tëscht der EU a Groussbritannien festgeluecht ginn.

Zënter sechs Joer ass mam Lissabonner Vertrag een EU-Austrëtt méiglech. Den Artikel 50, deen dofir virgesinn ass gëtt awer nëmmen e puer Richtlinne fir. Fir t'éischt muss déi britesch Regierung offiziell matdeelen, datt Groussbritannien aus der EU wëll austrieden.

"Mir sinn net an der Hetz"

Groussbritannien huet schéngt sech awer wëllen domat Zäit ze loossen. De Premier David Cameron huet ugekënnegt, datt säi Nofolger déi Verhandlunge misst féieren, also fréistens vun Oktober um. De fréiere Londoner Buergermeeschter, Boris Johnson, huet och Undeitunge gemaach, datt ee sech sollt Zäit loossen fir den Artikel 50 spillen ze loossen. "Mir sinn net an der Hetz", sot hien. Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sot sengersäits, hie wéilt séier verhandelen.

Vun deem Moment un ass den Delai vun zwee Joer virgesi fir d'Saach iwwer d'Bühn ze bréngen. Esou laang gëlle fir Groussbritannien weider d'EU-Regelen. De briteschen EU-Kommissär Jonathan Hill bleift esou laang weider fir d'Finanzmäert zoustänneg, déi britesch Deputéiert bleiwe bis zum formellen EU-Austrëtt am Europaparlament, d'britesch Ministere sinn nach bei de Sëtzunge vum EU-Rot dobäi.

Nei Detailer no Reunioun um Sonndeg

Politesch gesi wäerten d'Briten awer net méi vill ze soen hunn. An datt London d'EU-Presidentschaft am Juli 2017 iwwerhëlt, ass onwahrscheinlech. Malta soll och scho bereet stoen, fir déi ze iwwerhuelen. Et gëtt och ugeholl, datt de britesche Premier David Cameron d'nächst Woch just ee vun zwee Deeg um EU-Sommet zu Bréissel dobäi ass.

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker huet fir e Sonnden e spezielle Meeting mat der Kommissiounsspëtzt aberuff. D'Autoritéite sinn opgefuerdert, d'Formalitéite fir de Brexit ze regelen. Experten a Juriste solle Moossname virbereeden, déi d'nächst Woch virgestallt solle ginn. Deen Ament ass mat neien Detailer ze rechnen.

AUDIO

Brexit: Wéi geet et elo weider?play_arrow