Natierlech kann een den Ausgank vum Referendum net reng generationell erklären. Och sozial Facteuren hunn eng staark Roll gespillt. A sécher och Suergen, déi mat der Referendumsfro selwer net onbedéngt eppes ze dinn haten. Mee d'Statistike sinn op engem Punkt eendeiteg: Wat méi al, wat méi Leit fir de Brexit gestëmmt hunn.
Ganz besonnesch ee Politiker misst sech dowéinst a Fro stellen: Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen der jonker Generatioun ëmmer nees virgeheit huet, si géif de Wäert vum europäesche Friddensprojet net erkennen.
Trotz héijem Jugendchômage an der EU sinn et grad déi Jonk, déi un dëse Projet gleewen. Ee Projet, dee vun hiren Elteren a Grousselteren a Fro gestallt gëtt.
EU ass méi wéi ee Friddensprojet
De Problem ass also éischter deen heiten: Dem Jean-Claude Juncker seng Generatioun versteet net, dass eng reng geopolitesch a wirtschaftlech Visioun vun der EU un hiren eegene Widderspréch scheitert. D'EU vun de Mueschtbalancen tëscht Memberstaaten a vun de Kompromësser tëscht Staats- a Regierungschefen, hält d'Politik an enger Logik vu Konkurrenz, Dumping an nationalen Egoismen gefaangen. Dohier kënnt den Däiwelskrees vu Frust, Angscht a Populismus, deem déi jonk Brite sech entgéint gestallt hunn.
An Zäiten wou d'Inegalitéiten tëscht Aarm a Räich an Europa wuessen a wou weltwäit autoritär Regimer nees am Komme sinn ass d'EU fir meng Generatioun d'Verspriechen, dass sozial Gerechtegkeet an Demokratie och am 21. Joerhonnert, déi eenzeg richteg Äntwert bleiwen. Mee soulaang d'Europaparlament net an deene wierklech wichtege Beräicher wéi der Sozial- a Steierpolitik kann matdecidéieren, kann dat Verspriechen net ageléist ginn.
"Méi Europa": Eng Utopie?
D'Fuerderung no enger méi staarker europäescher Integratioun kléngt haut méi utopesch wéi jee. An och dofir dréit dem Jean-Claude Juncker seng Generatioun sécher een Deel vun der Responsabilitéit. Si huet d'Chance verpasst, déi néideg Integratiounsschrëtter anzeleeden, wéi dee politeschen a wirtschaftleche Kontext eng gesellschaftlech Debatt doriwwer nach erlaabt hätt.
Den hallefhäerzegen europäesche Verfassungsprojet vun 2004, dee grad vun deene Jonken a ville Länner ofgelehnt gouf, war an deem Sënn een éischte Schrëtt a Richtung vun der europäescher Desintegratioun, déi elo am Gaangen ass.
De Jean-Claude Juncker huet 2014 bei sengem Amstruntrëtt versprach, dass d'EU sech op dat Wesentlecht wéilt konzentréieren, hien huet domadder versicht den Europaskeptiker entgéint ze kommen. Mee der Juncker-Kommissioun hir minimalistesch Approche ass net d'Léisung, si ass Deel vum Problem.