De Richtungswiessel ass virun e puer Méint op allerhéchstem Niveau decidéiert ginn. Dat hunn zwou gutt informéiert Sourcen eis confirméiert. Grond dofir wieren ënner anerem d'Suitë vum Referendum vum 7. Juni an déi schlecht Sondagewäerter gewiescht.
Wie soll vun deene Steiererliichterunge profitéieren?
Déi 500 Milliounen Euro betreffen d'Stéit an d'Betriber. Nieft der Mëttelschicht sollen och allengerzéiend Elteren a jonk Famille besser ewech kommen: op deem Punkt gëtt et e Konsens. Bei der Betribsbesteierung ass jo scho gewosst, datt d'Regierung d'Basis fir d'Besteierung vergréisseren, an dofir den Taux erofsetze wëll, well Lëtzebuerg mat engem méi nidderegen Taux méi konkurrenzfäeg wier.
Gëtt et eng déifgräifend a strukturell Steierreform?
Dat, wat nach an der Diskussioun ass, geet net an déi Richtung. Prinzipiell Froe, wéi zum Beispill wéi eng politesch Ziler mat enger geziilter Steierpolitik sollen erfëllt ginn oder wéi de Steiersystem Inegalitéite corrigéiere kann, si gutt informéierte Sourcen no wéineg gestallt ginn. A Koalitiounskreesser heescht et souguer, d'Diskussiounen iwwer d'Reform wieren net professionell preparéiert ginn. An nom Referendum wier mat Ausnam vu grousse Steiererliichterunge quasi näischt méi envisagéiert ginn.
Eng komplett Individualbesteierung, wéi vun der DP gewënscht, ass vum Dësch. Fir Leit, déi wëllen eenzel besteiert ginn, ass just nach eng optional Léisung an der Diskussioun. Och an der Diskussioun ass d'Fro, ob de Spëtzesteiersaz - sou wéi vun der LSAP gewënscht a vun der DP refuséiert - liicht gehéicht gëtt. Weider gëtt nach iwwer eng Gesetzespropositioun diskutéiert, déi nees aus dem Tirang geholl gouf: als Deputéierten hat de Camille Gira (déi gréng) 2013 proposéiert, datt d'Ofschreiwungsméiglechkeete bei Déngschtween un d'CO2-Emissioune gekoppelt ginn.
Wéi gesäit den Zäitplang aus?
Den Zäitplang ass zimlech kloer: an den nächsten zwee bis dräi Méint wëll d'Regierung sech festleeën, a fir d'Ried zur Lag vun der Natioun am Fréijoer sollen d'Gesetzprojetë virleien, heescht et a Koalitiounskreesser. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider sot viru gutt zwee Méint, d'Regierung wéilt hir Piste schonn dësen Hierscht festhalen. Wéinst der EU-Presidence wäert dat awer net opgoen. Zwee Aarbechtsgruppe vun der blo-rout-grénger Koalitioun hunn den Terrain preparéiert: op Basis dovu gëtt den Ament op héchstem Niveau weider diskutéiert.
Wéi waren déi Aarbechtsgruppen zesumme gesat?
Et si koalitiouns-intern Gruppen, also nëmme Leit vun de Parteien DP, LSAP an déi gréng. Mam Mike Mathias (déi gréng, Aarbechtsgrupp iwwer d'Betribsbesteierung an iwwer d'Privatpersounen) a mam Alain Kinsch (DP, Betribsbesteierung) waren zwee Membere vum Staatsrot dobäi: si hunn also Piste mat diskutéiert, iwwert déi si spéider am Staatsrot mat ofstëmme mussen. Donieft ass den Alain Kinsch net nëmme Conseiller d'Etat, mä och Chef vun der Consultingfirma EY Lëtzebuerg.
Gëtt d'Grondsteier, wéi am Regierungsaccord virgesinn, reforméiert?
Doriwwer gëtt op jiddefall an engem Aarbechtsgrupp geschwat, dee parallel zu deene vun der Steierreform funktionéiert, an dee sech méi laang Zäit gëtt, wéi déi aner. Dobäi stécht eppes eraus: den CSV-Deputéierte Gilles Roth schafft an deem Aarbechtsgrupp mat. Seng Parteispëtzt wousst dat awer net, wéi mer se dorop ugeschwat hunn. D'CSV huet eisen Informatiounen no nämlech virun e puer Méint d'Offer vun der Koalitioun refuséiert, fir an deem Aarbechtsgrupp matzemaachen. Elo heescht et, de Gilles Roth wier a sengem perséinlechen Numm an deem Aarbechtsgrupp an dat géif d'CSV-Fraktioun net engagéieren.