Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ BEPS-Steierregele wäerte Lëtzebuerg schueden

Fiskalitéit

BEPS-Steierregele wäerte Lëtzebuerg schueden

De G20 huet op dësem Méindeg (16.11.2015) den OECD-Programm géint Steier-Vermeidung ugeholl. Déi sougenannt BEPS-Richtlinne wäerten an de nächste Joeren wahrscheinlech an hirer Totalitéit vun de meeschte Länner applizéiert ginn. Dovunner geet de Steier-Expert, Geschäftsaffekot an Uni-Professer Alain Steichen aus. Senger Meenung no, wäert dat och e negativen Impakt op Lëtzebuerg hunn.

auto_stories

3 min

Den Haaptobjektiv vun de Richtlinne vun der OECD ass, datt an Zukunft Steieren do solle bezuelt ginn, wou d’Beneficer och effektiv gemaach ginn. Dat selwecht gëllt fir d’Patenter (IP-Rechter). D’propriété intelectuelle soll nëmmen do kënnen enregistréiert ginn, wou d’entspriechend Recherche (R&D) gemaach gouf.

Den Alain Steichen zweiwelt dorunner, datt multinational Konzerner, déi am Moment vu steierlechen Avantagë bei den IP-Rechter zu Lëtzebuerg profitéieren, hir Recherche-Unitéiten an Zukunft an de Grand-Duché géingen transferéieren. A ville Beräicher wier et Lëtzebuerg net gelonge fir d'decisionnel Aktivitéiten unzelackelen, ënnert anerem well d’Land geographesch net optimal placéiert wier, well d’Land ze kléng wier, a well et un héich qualifizéierte Leit géing feelen. “Et bleift eis näischt iwwreg, wéi dëse schwierege Kampf anzegoen an ze probéieren zousätzlech Aktivitéiten a Substanz op Lëtzebuerg ze kréien”, esou den Alain Steichen.

“Intellektuellen Terrorismus vu grousse Länner”

Den Alain Steichen mengt, Lëtzebuerg géing wéi déi meescht aner Länner de BEPS-Programm ëmsetzen. Hie réit der Regierung awer net virun de Won ze lafen an déi nei Steier-reegele progressiv anzeféieren.

Länner wéi Lëtzebuerg hätten e klengen interne Marché a wiere spezialiséiert als Intermediaire an den Transaktioune vun internationale Gruppen. Doudeger datt d’Recetten am Prinzip sollen ëmverdeelt ginn a Funktioun dovunner wou d’Beschäftegt sinn a wou den Ëmsaz gemaach gëtt, wiere Länner wéi Lëtzebuerg staark penaliséiert. De Steier-Expert an Professer op der UNI Lëtzebuerg schwätzt dowéinst vun engem “intellektuellen Terrorismus vu grousse Länner.

EU-Kommissioun vs Lëtzebuerg

Wat d’Decisioun vun der EU-Kommissioun ugeet, datt d’Steiervirdeeler fir Fiat hei zu Lëtzebuerg illegal wieren, sou hätt d’Regierung – sou wäit den Alain Steichen et weess - nach net definitiv decidéiert dat virum EU-Geriichtshaff ze kontestéieren. Par konter hätt d’Regierung hien, a wuel aner Affekote, scho kontaktéiert, fir d’Affär virzebereeden.

Den Alain Steichen hëlt awer d’lëtzebuerger Steierverwaltung a Schutz a mengt, datt d’EU-Kommissioun eng “pauschal” Analys vun de Steierrulinge mat Fiat Finance and Trade gemaach hätt. An deem Sënn ass de Geschäftsaffekot och zouversiichtlech, datt wann d’europäesch Riichteren d’Affaire géingen tranchéieren, d’lëtzebuerger Regierung géing Recht kréien.

Déi ganz Emissioun “Riicht Eraus” gouf moderéiert vum François Aulner.