Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Delegation - Oh Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Glaawen un eng Zukunft am Weltall

Space Mining

De Glaawen un eng Zukunft am Weltall

D'Ofbaue vu Mineralien am Weltall kléngt wéi Science-Fiction, ass awer keng. Lëtzebuerg wëll an deem Beräich Pionéieraarbecht leeschten. Dat ass d'Zil vum Wirtschaftsminister Étienne Schneider. An et gëtt och éischt Unzeechen, datt dee Plang kéint opgoen.

auto_stories

7 min

Speziell Robotere sollen d’Ressource vun den Asteroiden an enger éischter Phas ofbauen.

Iergendwou tëscht verrécktem Dram a groussem Pionnéiergeescht läit dat, wat baussent der Spezialistewelt iwwert de Space Mining gewosst ass a geduecht gëtt. Gräift Lëtzebuerg lo no de Stären? – sou d'Fro déi dacks, liicht ironesch, gestallt gëtt. Hannert dem Space Mining verstoppt sech awer ee ganze Wirtschaftssecteur, dee jonk ass, mee dee sech lo ëmmer méi fir Lëtzebuerg intresséiert.

Bis elo ass allerdéngs net kloer, wiem d’Asteroiden an hir Ressourcë iwwerhaapt gehéieren. Den UN-Weltraumvertrag aus dem Joer 1967, zum Beispill, verbidd, datt Nationalstaate Besëtzer vun Himmelskierpere kënne sinn.

Wéi Fësch am Waasser

De President a Generaldirekter vun der US-Entreprise Planetary Resources, Chris Lewicki, seet awer d'Materialie vun den Asteroide kéint ee mat de Fësch an internationale Gewässer vergläichen. "D'USA hunn eng Legislatioun agefouert, déi vill Detailer vum Weltraumvertrag vu 1967 kläert. De Vertrag ass internationaalt Recht a seet: Soubals Du e Fësch gefaangen hues, ass et Däin. Esou ähnlech ass et och am Weltall. D’Asteroide gehéiere kengem. Mä wanns Du Materialie vun engem Asteroid ofbaus, da sinn dës Materialie vun do un an Sengem Besetz."

Lëtzebuerg plangt de Moment e legale Kader fir den Asteroid Mining Projet ausschaffen, an domat och sou rechtlech Froen ze klären. Et soll awer och ee Kader entstoen, fir de Projet Space Mining finanziell z'ënnerstëtzen. "Et geet drëm Entrepreneuren an Investisseuren unzezéien", seet de Beroder vun der Lëtzebuerger Regierung am Ofbau vu Rohstoffer am Weltall, de fréieren ESA-Generaldirekter, Jean-Jacques Dordain. Ee gutt Zeechen ass, senger Meenung no, datt elo schonn Amerikaner op Lëtzebuerg kommen a sech fir déi Lëtzebuerger Strategie am Asteroid Mining intresséieren. "Bis elo war et ëmmer sou, datt d'Europäer a Kalifornie gaang sinn. Mir sinn also amgaang de Spiess emze dréinen", sou de Jean-Jacques Dordain.

Deemools SES, lo Asteroid Mining

30 Joer no der Grënnung vun der SES, dem haut gréisste Satelittebedreiwer vun der Welt, kéint Lëtzebuerg elo erëm eng Pionéierroll spillen – dovun ass de Jean-Jacques Dordain iwwerzeegt. "Wa mer bis d'Ressourcen aus dem Weltall notze kënnen, dann hu mer ee grousse Fortschrëtt gemaach".

Et stellt sech awer d'Fro, wat genee op den Asteroiden ze fannen ass a firwat et wichteg ass, grad am Weltall no Ressourcen ze sichen. Eng Äntwert dorop gëtt den Daniel Faber, Generaldirekter vun Deep Space Industries. Dat ass déi US Entreprise mat där d’Lëtzebuerger Regierung rezent een Accord ënnerschriwwen huet. "Mir huele speziell Asteroiden ënnert d'Lupp, op deene vill Waasser, liicht Mineralien an Elementer sinn, wéi Karbon, Sauerstoff oder Waasserstoff. Dat erlaabt eis Brennstoff fir Rakéiten ze produzéieren. Dat ass immens wichteg. Fir d’éischt brauche mer de Brennstoff fir den Transport – dono kënne mer all déi aner Mineralien zeréck brengen", sou den Daniel Faber.

Éischt Phas: Weltall, zweet Phas: Äerdorbit

D’Ressourcen op den Asteroide sollen also fir d'éischt am Weltall selwer genotzt ginn, fir d'Entwécklung an d'Fuerschung. Réischt an enger zweeter Phas solle verschidde Materialien aus dem All erof op d'Äerd bruecht ginn, "wa mer Erfahrung hunn an d'Technologie sech weider entwéckelt huet", sou de Chris Lewicki vu Space Resources.Zil vum Space Mining ass et senger Meenung no och, Mineralien aus dem Weltall am Weltall benotze fir Ressourcen op der Äerd ze schounen a Suen ze spueren.

Speziell Robotere sollen d’Ressource vun den Asteroiden an enger éischter Phas ofbauen. Dat wier am Ufank - beim Ofbau vu Waasserstoff a Sauerstoff - am rentabelsten, seet den Daniel Faber vun Deep Space Industries."No an no wäerten den Ofbau an déi Saachen déi mer produzéiere méi komplex ginn. Iergendwann ass et da méi käschteneffizient eng Persoun an de Weltall ze schécken, amplaz nach méi e gescheite Roboter ze entwéckelen".An 10 bis 15 Joer, sou rechent den Daniel Faber vir, wäerten da Ressourcë aus dem Weltall an den Äerdorbit geliwwert hinn.

"Europa ass konkurrenzfäeg"

An der Weltallindustrie hunn d'Amerikaner bis elo d'Nues vir. Déi US-amerikanesch Raumschëffentreprise SpaceX huet et, zum Beispill, fäerdeg bruecht, datt Lancementer vu Rakéiten an Zukunft méi bëlleg ginn, duerch recycléierbar Rakéitendeeler. Och d'Ariane 6 ass zum Deel mat recycléiertem Material gebaut.

Europa versicht sech op dës Changementer anzestellen – an a bleift, dem Jean-Jacques Dordain no, konkurrenzfäeg. De Beroder vun der Lëtzebuerger Regierung ënnersträicht, datt virun zwee Joer zu Lëtzebuerg d’Entwécklung vun enger neier Trägerrakéit decidéiert gouf. Hien ass zouversiichtlech, datt de Bau dovun och vun den EU-Memberstate confirméiert gëtt.