Wann d'CSV 2018 d'Wahle sollt wannen, da soll dat e Vertrauensvote sinn, seet de CSV Deputéierte Serge Wilmes. D'Leit sollen dee Choix net aus Frust par rapport zur Gambia-Koalitioun maachen. Dofir awer muss d'CSV soen, wou a firwat ze steet - si muss e kloren Profil entwéckelen, a mat engem kohärenten, couragéierte Programm optrieden, ass d'Analyse vum Dräikinneksgrupp.
Wéi e Spëtzekandidat?
Et gi Spekulatiounen ëm e méigleche Comeback vum Luc Frieden. "All Spëtzekandidat soll e Buch schreiwen" - seet den Dräikinneksgrupp. Et weess een da genee, wat deejéinege vun Iddien huet, an et kann een sech domat ausernee setzen. Dass e puer Leit do sinn, déi Spëtzekandidat kenne ginn, wéist dass d'Iddie vun de Primaries net aus der Loft gegraff war, seet de Serge Wilmes. Et wier egal wéi gutt de Spëtzekandidat esou transparent an demokratesch ewéi méiglech ze bestëmmen.
Wäerteunterrecht soll rediskutéiert ginn
Den Dräikinneksgrupp wëllt an nächster Zäit eng nei Propose fir de Wäerteunterrecht maachen. "Mir plädéiere fir méi eng oppe laizistesch Haltung, an net fir eng geschlossen, wéi d'Regierung et elo wëllt" seet de Serge Wilmes. Di aktuell Majoritéit hätt hei ideologesch Scheiklappen. Hire Projet gëff keen zefridde stellen, et wier awer wichteg fir d'Gesellschaft dass et op deem Punkt e Konsens gëtt.