arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eréischt all zweet Gemeng verrechent käschtendeckende Präis

Waasser

|
reading time

6 min

Eréischt all zweet Gemeng verrechent käschtendeckende Präis

Lëtzebuerg brauch an Zukunft méi Drénkwaasser. D’Opbereedungsanlag um Stauséi (SEBES) gëtt ausgebaut fir d’Populatioun mat bal duebel esou vill Waasser ze versuerge wéi bis elo. Mee och d’Qualitéit an de Schutz vum Waasser huet d’Regierung sech als Prioritéit ginn. Vill Gemenge wäerten hire Waasserpräis mussen upassen.

Pierre Reyland, md

reading time

6 min

Wéi aner entwéckelt Länner verbraucht Lëtzebuerg vill Waasser: all Dag ongeféier 137 Liter pro Kapp. Well méi Leit op Lëtzebuerg awanderen (ronn 13.000 d’Joer) an ëmmer méi Frontalieren an d’Land schaffe kommen, geet déi aktuell Drénkwaasser-Kapazitéit vum SEBES (Syndicat des Eaux du Barrage d’Esch-sur-Sûre) laangfristeg net méi duer.

Dofir gëtt hir Kapazitéit elo erop gesat, vun elo 70.000 m op 120.000 den Dag. “Et gëtt eng komplett nei Anlag gebaut, uewen zu Eschduerf nieft dem Behälter. Een Neibau ass economesch déi méi sënnvoll Alternativ”, erkläert den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes. Déi al Anlag vun der SEBES géif duerno zeréck gebaut ginn. Déi nei Opbereedungsanlag soll 2020 a Betrib goen an 166 Milliounen € kaschten, woubäi de Staat d’Hallschent finanzéiert.

Eng 40% vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg kënnt aus dem Stauséi, de Rescht aus de Quellen. Dem Jean-Paul Lickes no ginn et konkret Iwwerleeunge fir an Zukunft och een drëtt Standbeen opzebauen: Drénkwaasser aus der Musel. “Technesch gesinn ass et kee Problem. Mir sinn och hei mat eise franséische Noperen a Kontakt.”

"Méi bewosst mat chemesche Substanzen ëmgoen"

Mee Quantitéit géif ouni Qualitéit kee Sënn maachen, mengt de Gérard Anzia. De gréngen Deputéierten ass Rapporter vum Gesetzprojet fir de Neibau vun der SEBES-Anlag. “Dat ass eis 2014 ganz staark virun Ae gefouert gi mat deem Accident mam Pestizid, deen an de Stau eragelaf ass”.

Duerch d’Verschmotzung vum Stauséi duerch de Metazachlor, ee Pestizid, dee vu Bauere fir den Ubau vu Mais a Raps benotzt gëtt, koumen onerwaart Erkenntnisser mat un d’Uewerfläch. Iwwert deen Accident eraus wier et eng “konstant Belaaschtung” ginn, sou d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (Déi Gréng). D’Analysen haten deemools erginn, datt net nëmmen d’Waasser aus dem Stauséi, mee och d’Grondwaasser mat Metazachlor a Metolachlor belaascht war. De Metolachlor gouf doropshi verbueden, de Metazachlor staark ageschränkt. Ronderëm de Stauséi gouf eng Konventioun mat de Baueren ofgeschloss.

Waasserschutz Joerzéngte laang vernoléissegt

Den Agrarminister Fernand Etgen (DP) soll den 11. Abrëll een nationalen Pestiziden-Aktiounsplang virstellen. D’lescht Joer hätt ee regelméisseg Reunioune mat der Landwirtschaft gehat fir ze kucken, wéi ee méi Pestizid kéint fräi ginn a méi bewosst mat chemesche Substanzen ëmgoen, sou d’Carole Dieschbourg.

Fir den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt muss Lëtzebuerg op eng präventiv Waasserschutzpolitik ëmklammen. Eng uerdentlech Gestioun am Anzugsgebitt wier méi intelligent wéi duerno mussen eng Opbereedungsanlag dohinner setzen. “Wa eng Substanz bis an enger Quell ass, ass se dacks nach Joere wann net Joerzéngte laang am Waasser ze detektéieren - souguer wann der mar ophaalt, déi Substanz ze benotzen”, betount de Jean-Paul Lickes.

De Waasserschutz gouf Joerzéngte laang vernoléissegt. Dat weist och den Zoustand vun de Lëtzebuerger Gewässer. Der EU-Waasserschutz-Direktive no hätte se schonn am Dezember d’lescht Joer an engem - biologesch a chemesch - gudden Zoustand solle sinn. Dat Zil gouf bei wäitem verfeelt. Lëtzebuerg huet sech bis op d’mannst 2021 Zäit gefrot fir d’Qualitéit vu senge Gewässer signifikativ ze verbesseren.

Drénkwaasser-Schutzzone mussen ausgewise ginn

“Mir waren einfach scho spéit mam Ëmsetze vun der Waasser-Direktive, deemools war den Europäesche Geriichtshaff och scho saiséiert,” sou den Edgar Arendt, Member vum “Réseau européen du droit de l’eau”. D’Ëmweltministesch seet, datt och beim Schutz vun de Quellen, déi bal zwee Drëttel vum Drénkwaasser liwweren, an de leschte Joerzéngte villes schif gelaf wier. An den zéng Joer virdru wiere siwe Prozent vun de Quellen aus der Produktioun geholl ginn. “Duerch en effiziente Schutz kann ee vläicht no an no awer dat do stabiliséieren”.

80 Drénkwaasser-Schutzzonen uechter d’Land sollen iwwer groussherzoglech Reglementer ausgewise ginn. Bis elo sinn der nëmme fënnef fäerdeg, siwe sinn der an der Prozedur an aacht an der Maach, seet d’Carole Dieschbourg. D’Prozedur wier komplizéiert an et géif deelweis um néidege Knowhow fehlen, sou den Deputéierte Gérard Anzia. “Jidderee vun eis weess, wéi wichteg et ass, datt mer proppert Drénkwaasser kréien an erhalen”, mengt déi gréng Ministesch Dieschbourg. Och d’Landwirtschaft hätt do keng aner Vue.

Käschtefacteur ‘Waasser’ dacks ënnerschat

Dat alles huet natierlech e Präis. Dem Gesetz no muss de Waasserpräis käschtendeckend sinn. “Et soll een op d’mannst déi Käschte dem Consommateur zeréck facturéieren, déi gebraucht gi fir de Reseau um Lafen ze halen”, erkläert den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt Jean-Paul Lickes.

Allerdéngs géif de Käschtefacteur “Waasser” an enger Gemeng dacks ënnerschat ginn. D’Waasserinfrastruktur alleng géif bal d’Hallschent vum kommunale Patrimoine ausmaachen. Déi héij Investitioune fir déi nei SEBES-Anlag, fir de Waasserschutz a fir d’Infrastrukture vun der Gestioun vun Of- a Reewaasser beaflossen de Waasserpräis. All zweet Gemeng hätt dee bis haut net dem Prinzip vun der Käschtendeckung ugepasst, sou d’Ëmweltministerin.