Radioen

On air

Notturno  |  Between Shelves - Cornered

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Alain Kinsch: Interessekonflikt?

Staatsrot

Alain Kinsch: Interessekonflikt?

Och wann den Alain Kinsch Auteur vum Avis vum Staatsrot iwwer d'Steierreform wier, wier dat keen Interessekonflikt, fënnt d'Rapportrice vum concernéierte Gesetzprojet. D'Joëlle Elvinger seet iwwerdeems, si wéisst net, wien den Avis geschriwwen huet.

auto_stories

3 min

Joëlle Elvinger

Si wéisst net, wien den Avis vum Staatsrot iwwert d’Steierreform geschriwwen huet, sot d'Joëlle Elvinger de Mueren op der 100,7-Antenn. D'DP-Deputéiert ass Rapportrice vum Gesetzprojet iwwer d'Steierreform an der Chamber. Informatioune vum Lëtzebuerger Wort no wier den Alain Kinsch den Auteur vum liberal ausgeriichten Avis. De Staatsrotmember ass och Managing Partner vun der Consultingfirma Ernst and Young, a war fir d'DP an de Koalitiounsverhandlunge mat dobäi.

Och wann den Alain Kinsch Auteur vum Avis wier, wier dat keen Interessekonflikt, fënnt d'Joëlle Elvinger. Den Deontologiekodex vum Staatsrot géif net verbidden, datt Persounen aus der Privatwirtschaft Member am Staatsrot wieren, esou d’DP-Politikerin. Den Deontologiekodex vum Staatsrot gesäit vir, datt Membere sech net un Avisen dierfe bedeelegen, bei deenen e perséinlechen Interessi besteet. Dat selwecht gëllt fir Dossieren, op deene si anerwäerts matgeschafft hunn.

Der Joëlle Elvinger no wier den Alain Kinsch net um Ausschaffe vum Gesetzprojet iwwert d’Steierreform bedeelegt gewiescht. 100,7 Informatiounen no stëmmt dat net. Den Alain Kinsch war Member vun de koalitiounsinternen Aarbechtsgruppen, déi d’Steierreform ausgeschafft hunn.

Zu de konkrete Proposen, déi de Staatsrot a sengem Avis iwwer d'Steierreform mécht, seet d’Joëlle Elvinger, datt d’Finanzkommissioun doriwwer wäert diskutéieren. Mee d’Steierreform wier ee gutt Gesetz, an dat een elo net nach zousätzlech Mesuren géif dra schreiwen. Zum Beispill géif et keng politesch Volontéit ginn, fir Manager a Verwalter vun Entreprisen z’erlaben hir Tantièmë steierlech ofzesetzen. Och d’Instrument vun de sougenannten "intérêts notionnels" (steierlech Avantagë fir Entreprisen, déi Eegekapital investéieren) wéilt d’Koalitioun net méi aféieren.


Reaktiounen

D’Deputéiert vun de Majoritéitsparteie sinn der Meenung, datt et um Staatsrot ass fir ze klären ob beim Avis iwwert d’Steierreform d’Regelen vum internen Deontologiekodex respektéiert gi sinn. Do hätt d’Chamber sech net anzemëschen soen am 100,7 Interview d’Fraktiounscheffe vun der LSAP an vun deene Gréngen.

Op Säite vun der ADR an déi Lénk heescht et, et géif an dësem Fall e kloren Interessenskonflikt ginn. An engem Communiqué hunn déi Lénk matgedeelt, datt si de President vum Staatsrot, de Georges Wivenes, an d'Finanzkommissioun fir Explikatiounen zu deem ëmstriddenen Avis ze kréien.

Alex Bodry (LSAP)play_arrow

Viviane Loschetter (déi gréng)play_arrow

Gast Gibéryen (ADR)play_arrow

David Wagner (déi Lénk)play_arrow