Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Agespaart fir d’Liewen - e Besuch am Prisong

Reportage

Agespaart fir d’Liewen - e Besuch am Prisong

Wien nach net selwer am Prisong war ka sech e Liewen hannert dësen décke Mauere schwéier virstellen. Wéi erliewen d'Prisonéier an d'Giischtercher hiren Alldag? Wie sëtzt hei? A firwat? Kann eng Prisongsstrof e Mënsch zum Gudde veränneren? Reportage aus enger verbarrikadéierter Welt.

Charel Fischbach, md

auto_stories

12 min

Nico Quaring a Jean-Marie Mertzig

No enger éischter Puert kommen ech virun déi eigentlech Dier vum Prisong, gutt dräimol sou héich wéi ech, ëmgi vun zolitte Maueren. Ech ginn haut fräiwëlleg an de Prisong, als Visiteur. Wéi erliewen d’Gardienen an déi Gefaangen dës institutionell Maueren? Nach net emol dobannen, mécht sech duerchaus e bedréckend Gefill a mer breed.

Nodeems ech meng Täschen eidel gemaach hunn, meng Carte d’identité a mäin Handy ofginn hunn, dann duerch e Metalldetekter gelaf sinn, kann et lass goen. Empfaang ginn ech vun zwee frëndlechen Hären an Uniform. De Jean-Marie Mertzig schafft scho 36 Joer am Prisong a koordinéiert déi verschidden Departementer, dat heescht d’Zesummeliewen hannert den décke Maueren.

“Normalerweis hu se siwe Stonnen zegutt, de Mount. Si kënnen déi huelen an Tranchë vun enger hallwer Stonn, oder eng Stonn beieneen”, erkläert de Nico Quaring. Hien ass zënter 1990 zu Schraasseg ugestallt, zoustänneg fir d’Kontroll vun de Gardienen. Eng 300 Persoune schaffen am Centre pénitentiaire bei méi wéi 600 Détenuen. De Gros si Männer, dovunner d’Halschent Untersuchungsgefaangener. Am Prinzip ass de Prisong geduecht fir 600 Leit. Je no Besoin kann d’Kapazitéit op 700 eropgesat ginn.

"Mär hunn net esou vill Aarbechtsangebot wéi Gefaangener hei sinn”

Moies um sechs Auer geet et lass. “Dat geet u mam Wakereg-maachen. Da gëtt d’Präsenzkontroll gemaach – ob se lieweg sinn, alleguerten. Duerno kënnt de Kaffi”, sou de Jean-Marie Mertzig. “Da ginn och d’Häff un. Pro Stack gi se an den Haff, sou datt mer de ganzen Dag mat den Häff amgaang sinn, a wou och heiansdo Gewalt ass. Mee - ‘Gott sei Dank’ - net ze vill”.

D’Prisonéier sëtzen net, wéi ee kéint mengen, de ganzen Dag op der fauler Haut. Se hunn eng sëllech Aktivitéiten a Beruffer, deene si kënnen nogoen. D’Woch iwwer hunn d’Prisonéier Zougank zur Sportshal, zur Schoul, kënnen an d’Kapell oder och an d’Epicerie. Fir Sue gëtt virun allem an der Wäschkiche geschafft, och an de verschiddenen Atelierë wéi d’Schräinerei, d’Schlässerei, den Autosgarage oder och den Usträicher-Atelier. D’Léin am Prisong leien tëschent 300 € a 600 €, je no Aarbecht a geschaffte Stonnen.

Mee net jidderee kann oder wëll schaffen. “Där sinn der och e ganze Koup hei, well mär hunn net esou vill Aarbechtsangebot wéi Gefaangener hei sinn”, sou den Nico Quaring. Nach anerer wéilten zwar, mee kéinten net, aus gesondheetleche Grënn.

D'Aggressivitéit hätt "immens zougeholl"

D’Prisongszell fir eng Persoun ass ongeféier zéng Meter carré grouss, mat Bett, Dësch an Toilette – de Moment nach ouni Trennmauer. Op Wonsch an no enger gewëssener Zäit sinn Telé, Computer a Frigo erlaabt. Just den Handy an Internet si verbueden. “Aus guddem Grond”, fënnt de Jean-Marie Mertzig. Ënnert anerem bei de “Präventiven, fir eng Affär ze vertuschen”, wier et normal, datt dat net erlaabt ass. Allerdéngs kéinten d’Prisonnéier telefonéieren. “Do kënnen se fräi schwätzen, do gi se net iwwerwaacht”.

Am Prisong sinn d’Fräiheete vun den Detenue begrenzt, den Dagesoflaf ass an enger Tabell festgehalen. D’Relatioun mat de Gefaangen empfënnt de Jean-Marie Mertzig ënnert dem Stréch als onproblematesch. Dacks géif sech awer Frust ënnert de Prisonnéier breet maachen, “déi laang hei sinn oder mengen, si wieren onschëlleg hei”. De psychiatresche Service géif bei Problemer hëllefen. Dem Kontroller Nico Quaring no hätt d’Aggressivitéit “enorm zougeholl”. Während et d’lescht Joer am ganze 37 “Spezialasäz” gi wieren, léich een elo scho bei 23. “Déi kleng Kriminell hu mir u sech net méi hei”. Déi géifen “op Bracelete gesat” ginn. “Déi richteg Kriminell, déi kommen eran”.

Wéi geet ee mat der Detentioun ëm? Dat géif vu Charakter, Alter, Hierkonft oder och Dauer vun der Strof ofhänken, sou de Jean-Marie Mertzig. Detenuen, déi laang asëtze mussen, wieren déi onkomplizéiertst Gäscht. “Déi wëllen dat bescht dorausser maachen. Och fir éischter eraus ze komme wëssen se, datt se sech musse gutt behuelen.”

“Ech hunn Droge verkaf… an dobäi ass ee gestuerwen…"

D’Bibliothéik ass e Raum vun ongeféier 30 Meter carré, mat enger eenzeger Fënster, vollgepaakt mat Bicherregaler an engem Schreifdësch. Zwee Laangzäitdetenue bekëmmere sech quasi autonom ëm dës Sammlung. Esou selbstverständlech a puddelwuel, wéi déi zwee sech tëschent den Etagèrë bewegen an och mir géigeniwwer verhalen, hat ech si am éischten Ablack net emol fir Gefaangener gehalen. Deen een ass schonn zënter 13 Joer agespaart, deen aneren aacht.

Am Usträicher-Atelier, do wou de Moment Miwwele restauréiert an ugestrach ginn, begéinen ech dem Franco Felipe. Mat Begeeschterung ass hie bei der Aarbecht. Hie schafft grad un engem Louis XIV Stull. Zu 19 Joer festem Prisong ass hien als Recidivist am Drogemilieu veruerteelt ginn. “Ech hat e klengen Drogeproblem dobaussen, ech hunn Droge verkaf… an dobäi ass ee gestuerwen… un enger Iwwerdosis. ‘t war e gudde Kolleg vu mir, ‘t ass wierklech ganz schlecht gaang fir mech”.

An där Zäit, déi de Franco elo zur Verfügung huet, wéisst hie sech ze beschäftegen. Nieft senger Aarbecht am Atelier setzt sech de Franco fir d’Rechter vu senge Matgefaangenen an. Ënnert anerem solle se d’Recht an d’Méiglechkeet kréie fir mat hirer Partnerin respektiv hirem Partner sexuell Rencontere während de Besuchszäiten zu hunn. Virun allem Langzäitgefaangener géif dat belaaschten.

Franco Felipe a Jean-Marie Mertzig

                                                                                                                                                                                                                                                                                                               

"Et muss een d’Zäit hu fir kënnen ze realiséiere wat ee gemaach huet"

De Franco Felipe schéngt seng Schold anzegesinn, fënnt seng Strof awer iwwerdriwwe laang, Allerdéngs hätte kuerz Prisongsstrofen – senger Meenung no – keng Wierkung. Et misst een d’Zäit hu fir kënnen ze realiséiere wat ee gemaach huet. De Franco seet mir, hien hätt eng grouss Freed mat senger Aarbecht am Prisong. Dat selwecht wéilt hie spéiderhin och dobausse maachen. An awer géif et him ëmmer erëm schwéier falen, déi déck Maueren ze vergiessen. “Ech fixéiere mech net ze vill dorop, dat mécht de Prisong da méi schwéier”.

Aus de Gespréicher mat de Leit, déi am Prisong schaffen oder agespaart sinn, ass zimlech kloer ginn: De Prisong ass eng Strof mee net onbedéngt d’Garantie fir eng positiv Entwécklung vum Veruerteelten. Sécherlech packen déi eng et, hir eege Maueren am Kapp z’iwwerwannen an hir Zäit am Prisong bewosst a sënnvoll ze notzen. Um Enn ass et jidderengem fräi iwwerlooss.