Affär Miltgen Wier eng Disziplinarprozedur néideg gewiescht?

War d'Revocatioun vum Daniel Miltgen als President vum Fonds du Logement legal oder net? Déi Fro muss d'Verwaltungsgeriicht tranchéieren. Während de Plaidoirien an dëser Affär gouf doriwwer gestridden, no wéi enge Critèren héich Beamten op verschidde Poste genannt an nees kënnen ofgesat ginn.

Pia Oppel

Daniel Miltgen
De fréiere President vum Fonds du Logement schafft aktuell als Enseignant an engem Lycée (©MDDI)

De 6. Mäerz 2015 hat de Regierungsrot decidéiert, den héije Beamten am Logementsministère vun zwou Attributiounen z'entbannen: an zwar als Member vun den Direktiounscomitéë vum Fonds du Logement a vum Fonds d'Assainissement de la Cité Syrdall. Dat mam Argument, dass déi deemoleg Logementsministesch Maggy Nagel kee Vertraue méi an hire Beamten hätt.

Den Daniel Miltgen hätt der Ministesch op vill Froen zu den Aktivitéite vum Fong keng Informatioune wëlle ginn, huet den Affekot vum Logementsministère de Mëtten erkläert. De President wier net bereet gewiescht, d'Regierungspolitik am Beräich Logement ëmzesetzen, sou ee weidere Reproche.

Vertrauensverloscht geet net duer

Géint seng Revocatioun huet den Daniel Miltgen ee Recours gemaach. Säin Affekot, de Maître Jean-Marie Bauler, argumentéiert, dass d'Nominatioun vum Daniel Miltgen fir een Zäitraum vu siwe Joer gülteg war a just iwwer de Wee vun enger Disziplinarprozedur kéint revoquéiert ginn. "Soss wier kee méi gewappnet, da kann all Fonctionnär wéinst 'perte de confiance' - wat ee ganz vagen Terme ass - revoquéiert ginn," sou de Maître Jean-Marie Bauler géigeniwwer der Press:

 

Den Affekot vum Logementsministère Maître Laurent Niedner wollt keen Interview ginn. Hien huet viru Geriicht argumentéiert, dass den Daniel Miltgen net vu senger Funktioun als "Premier Conseiller de Gouvernement" entbonne gouf, mee vun enger Nominatioun an den Direktiounscomité vun engem Etablissement Public. Déi Nominatiounen wieren net op Liewenszäit a fir eng Revocatioun wier keng Disziplinarprozedur néideg.

Funktioune vs. Nominatiounen

Am Gesetz iwwer de Fonds du Logement géif et heeschen, dass de Grand-Duc dës Memberen nennt a revoquéiert. An dorunner wiere keng weider Konditoune gebonnen, sou de Maître Laurent Niedner. D'Regierung kéint hire Vertrieder am Direktiounscomité vum Fonds du Logement ofsetzen, wann se sech duer dës Persoun net méi adequat vertruede gesäit. Op d'Funktioun vum concernéierte Beamten hätt dat keen Afloss an deemno wier och keng Disziplinarprozedur néideg.

Mat engem Uerteel ass an den nächste Wochen ze rechnen.

Méi zum Thema

(...) "Wa sou houfreg behaapt gëtt, de Fonds du Logement wier de gréisste Promoteur am Land, da wier et nëmmen normal wann et och géif eng serieux Kontroll ginn, déi där Envergure Rechnung dréit", mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar

D’Regierung wëll den Daniel Miltgen als President vum Fonds du Logement ofsetzen. Dat ass 100,7-Informatiounen no de leschte Freideg (6. Mäerz) am Regierungsrot décidéiert ginn.
Daniel Miltgen Exklusiv
Fonds du Logement

De President vum Fong Daniel Miltgen huet sech 100,7-Recherchen no derzou engagéiert, ze hëllefen, datt der Livingroom SA hir Terrainen an de Bauperimeter kommen.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen