Gemengen 90 Millioune méi fir d'Gemengen

Den Inneminister proposéiert finanziell Ënnerstëtzungen an Entlaaschtunge fir d'Gemengen. De Syvicol begréisst d'Propos. Déi zousätzlech Gelder sollen och d'Reform vun de Gemengefinanzen erméiglechen.

Carole Schimmer

Dan Kersch
Dan Kersch

D’Gemenge solle vum nächste Joer u ronn 90 Milliounen Euro méi kréien ewéi bis elo. Den Inneminister Dan Kersch huet dem Syvicol um Dënschdegmoie konkret Proposen op den Dësch geluecht.

An Zukunft géif de Staat d’Paie vun den Enseignanten aus der Grondschoul ganz iwwerhuelen. D’Gemengen hu bis elo een Drëttel vun deene Paie bezuelt. Zejoert woren dat 146 Milliounen. Op där anerer Säit géifen d’Gemengen d’Cotisatioune fir d’Pensioune vun hire Beamten integral bezuelen. De Staat huet d’läscht Joer 48 Millioune bäigeluecht. Déi Reform géing 2017 ëmgesat ginn.

Reform vun de Gemengefinanzen

De Syvicol-President Emile Eicher fënnt déi Propos ganz interessant. Duerch déi zousätzlech Gelder kéint een d’Reform vun de Gemengefinanzen ëmsetzen.

Déi Reform gesäit fir, datt d’Ëmverdeelung vun deene staatleche Gelder an Zukunft der Roll vun der Gemeng entsprécht. Den Dan Kersch huet och Kritäre proposéiert fir déi Ëmverdeelung festzeleeën: Nieft der Landesplanung, der Unzuel un Aarbechtsplazen an Awunner gëllen och sozioeconomesch Kritären grad ewéi d’Efforte vun de Gemengen am Beräich vum soziale Wunnengsbau.

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen