Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Vu Lego bis Robotik - Spilles Léiere fir d’Zukunft

Webinar

Vu Lego bis Robotik - Spilles Léiere fir d’Zukunft

Iwwer d'Entwéckele vun den néidege Kompetenzen an de Wee vum Verstoe vu komplexe Prozesser an der Robotik an an den digitale Wëssenschafte geet rieds am Webinar.

Robotik an digital Funktioune sinn aus eisem Alldag net méi ewechzedenken. Dacks mierke mir mol guer net, wou si agesat ginn, profitéieren awer dovun.
Wat kann e Roboter iwwerhaapt? Kann en och selwer léieren? A wat brauche jonk Leit fir mat der Vitess vun der Entwécklung am digitale Beräich mat ze wuessen?
Wie wëllt verstoen, wéi digital Funktiounen opgebaut sinn, ass besser drun, wann e weess, wéi automatiséiert Prozesser funktionéieren. Dat kann ee scho vu Klengem un, an och analog, no an no léieren.
 

Fir d'Verstoe vun esou Prozesser ze fërdere ginn et mëttlerweil eng ganz Rei Méiglechkeeten am Enseignement: Robotik-Concourse wéi d'Junior Robot Challenge an d'First Lego League an der Grondschoul, Coding, wat ugepasst un de Cycle Aktivitéite virschléit, fir datt Kanner z. B. verstinn, fir wat e Roboter e Befeel brauch, an dee Befeel muss prezis sinn. An den éischte Joren am Lycée gëtt dat sougenannt computational thinking am Fach Digital Sciences erweidert: hei geet et vun der Definitioun vun engem Roboter iwwer d'Programmatioun, d'Limitten a méiglech Gefore bis bei Chatbots. Esou kënnen d'Schüler a Schülerinnen um Enn net nëmmen automatiséiert an digital Apparater an Uwendunge benotzen, mee verstinn och, wéi se opgebaut sinn a funktionéieren. Wie sech a senger weiderer schoulescher Entwécklung fir e Beruff am Beräich vun der Infotronik, den erneierbaren Energien oder zum Beispill der Robotik interesséiert, huet d'Méiglechkeet säin Ofschloss an de Smart Technologies ze maachen.
 

Iwwer den Opbau vun dësem Wëssen, d'Entwéckele vun den néidege Kompetenzen an de Wee vum Verstoe vu komplexe Prozesser an der Robotik an an den digitale Wëssenschafte geet rieds am Webinar. Mat Beispiller vum Terrain a gelieften Erfarunge vu Schüler a Schülerinnen a vu Léierpersonal kritt een en Iwwerbléck iwwer d'Offer, déi besteet, d'Formatiounen, déi gebuede ginn, an d'Wichtegkeet souwéi den Notze vun dëse Kompetenzen, déi nieft de 4 K (Kollaboratioun, Kreativitéit, kritescht Denken a Kommunikatioun) zu deene wichtege vum 21. Joerhonnert gehéieren.

Et diskutéieren:

  • Jill Aniset, Institutrice spécialisée en compétences numériques, IFEN

  • Pascal Hoffmann, Schoulmeeschter, Coordinateur Junior Robot Challenge, SCRIPT

  • Claude Loullingen, Professer fir Smart Technologies am LGK, Expert LuxSkills an der Robot Systems Integration

  • Luc Schreiner, Franséischprofesser am LTL, Aarbechtsgrupp Digital Sciences SCRIPT

Moderatioun: Natasha Ehrmann


Weider Aussoen zum Theema a Méiglechkeet wärend der Live-Emissioun Froen iwwer fro@webinar.lu oder d'WhatsApp 621 44 00 44