Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Mir sichen: Spezialist:in Marketing & Kommunikatioun

Joboffer

Mir sichen: Spezialist:in Marketing & Kommunikatioun

De radio 100,7 sicht een/eng Spezialist:in Marketing & Kommunikatioun fir Vollzäit

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E gëtt, wéi opus 100,7, säi Schwësterprogramm fir klassesch Musek, am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Spezialist:in Marketing & Kommunikatioun


Tâchen - zesumme mam Responsabele vun der Kommunikatioun an deels mam digitale Service:

  • Definéieren an Ëmsetze vun der externer Kommunikatiounsstrategie fir d'Promotioun vun de Marke radio 100,7 an opus 100,7
  • Definéieren an Ëmsetze vu Strategië fir d’Distributioun vun On-Demand-Contenu iwwer digital Plattformen
  • Identifizéiere vun Zilgruppe fir spezifesch Offeren an definéiere vun de Campagnen, fir dës Zilgruppen effizient ze erreechen
  • Suivi vun aktuellen Trends an Entwécklunge vum Marché
  • Erstelle vu geschriwwenen a visuellen Inhalter fir Marketing-Campagnen
  • Content Management vun den internen an externe Kanäl
  • Plangen a Virbereede vun externen Evenementer
  • Koordinatioun vun externen Agencen/Déngschtleeschter
     

Wéi eng Fachkompetenze siche mir?

  • E Bachelor oder Master am Marketing oder an der Kommunikatioun ass vu Virdeel
  • Beruffserfarung vun op d'mannst 2 Joer am Beräich Marketing oder Kommunikatioun
  • Gutt Maîtrise vun digitale Kommunikatiounstechniken an Outilen
  • Redaktionell Kompetenzen an d’Fäegkeet, Inhalt a Format unzepassen
  • Exzellent Beherrschung vun der Lëtzebuerger Sprooch (geschwat a schrëftlech) souwéi den aneren übleche Beruffssproochen (Däitsch, Franséisch, Englesch)
     

Wéi eng Eegenschafte soll ee matbréngen?

  • Fäegkeet ëmmer de Gesamtprozess virun Aen ze hunn
  • Begeeschterung fir soziale Medien an eng digital Affinitéit
  • E léisungsorientéierten Usaz, Eegeninitiativ an Teamwork
  • En ausgepräägte Sënn fir Prioritéiten, eng strukturéiert Aarbechtsweis an Organisatiounsgeschéck
     

Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d’Woch
  • Kuerz Entscheedungsweeër, e kreative Fräiraum an Eegeverantwortung
  • Homeoffice-Reegelung
  • Reegelméisseg intern an extern Formatiounen nom Prinzip lifelong learning
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld

 

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens de 19. Februar per Email un rh@100komma7.lu.