Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Royel Otis - Heading For The Door

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Christina Heidt a Christiane Kleer ginn Deel vun der Chefredaktioun, Pia Oppel gëtt responsabel fir Feature-Strategie

Interne Postewiessel

Christina Heidt a Christiane Kleer ginn Deel vun der Chefredaktioun, Pia Oppel gëtt responsabel fir Feature-Strategie

De radio 100,7 stellt sech nei op fir nei Erausfuerderungen unzegoen.

D’Journalistinne Christina Heidt a d’Christiane Kleer sinn zënter dem 1. Januar stellvertriedend Chefredakterinnen. D’Christina Heidt ass zënter 2017 Deel vun der Equipe, d‘Christiane Kleer zënter 2015. Als Cheffinne vum Déngscht hu si an de leschte Joren dozou bäigedroen, d’Redaktioun am Alldag ze leeden. Zesumme mam Chefredakter Jean-Claude Franck wäerte si dofir suergen, datt d’Redaktioun vum radio 100,7 den Nolauschter:innen a Lieser:inne weider kredibel Informatiounen an déi néideg Orientéierung bitt.

Christina Heidt | © Mike Zenari
Christina Heidt (Foto: Mike Zenari)

Christiane Kleer | © Mike Zenari
Christiane Kleer (Foto: Mike Zenari)

D’Pia Oppel, Journalistin a stellvertriedend Chefredakterin an de leschte siwe Joer beim radio 100,7, krut den Optrag eng Feature-Strategie auszeschaffe fir journalistesch Dokumentatiounen, déi d’Mënsche beréieren. Als Média de service public wëll de radio 100,7 senger Missioun och mat déifgrënnegen a recherchéierten Audio-Dokumentatioune gerecht ginn. Zil si modern an héichwäerteg Formater fir ze lauschteren. D’Pia Oppel huet am Joer 2022 den Original-Podcast Schlechte Schüler iwwer Ongerechtegkeeten am Lëtzebuerger Schoulsystem realiséiert, deen op de Podcast-Plattforme wärend Wochen de meeschtgelauschterte Podcast zu Lëtzebuerg war.

Fir déi Feature-Strategie gëtt och recrutéiert: Hei eis Job-Annonce

Pia Oppel | © Mike Zenari
Pia Oppel (Foto: Mike Zenari)