Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Rentrée um 100,7 - Besser informéiert an den Dag, méi entspaant an de Feierowend

An eegener Saach

Rentrée um 100,7 - Besser informéiert an den Dag, méi entspaant an de Feierowend

Et ass net just Schoulrentrée. Och de radio 100,7 start an eng nei Saison. Méi déifgräifend Informatiounen um Moien an nach besser gelaunt duerch den Dag ... Hei sinn déi gréisste Changementer.

Moiesstudio (6:00-9:00 Auer)

Méi aktuell Informatiounen, méi Hannergrënn, gutt Musek an inspiréierend Iwwerraschungen - dat erwaart Iech vun der Rentrée un am Moiesstudio. Moderéiert gëtt d'Emissioun tëschent 6:00 a 9:00 Auer vu Journalisten a Journalistinnen. Ofwiesselnd sinn de Maurice Molitor, d'Christiane Kleer an de Rick Mertens moies fir Iech am Asaz: Si schätzen d'Aktualitéit an, hannerfroen Aussoe vun den Invitéen an erklären d'Geschichten hanner den Headlines.

Zousätzlech zu de Rubricken, déi Dir scho kennt a schätzt, wéi de Panorama, d'Presserevue, den Invité vum Dag an den Hallwer 9, ginn et elo méi aktuell Interviewen, lieweg Reportagen aus dem ganze Land an Aschätzunge vun eise Journalisten a Korrespondenten.

Mam Moiesstudio start Dir besser informéiert an den Dag!


Publicitéitscampagne "Moiesstudio - Besser informéiert an den Dag"

Promovideo vum Moiesstudio.

Affichë-Campagne mat den dräi Journalisten vum Moiesstudio.


Mëttesrascht (13:00-17:00 Auer)

Am Nomëtteg schalte mir e Gang zeréck. De Simon Larosche an d'Cally Kerschen invitéieren op d’Mëttesrascht - an dat bis an de Feierowend.

Mir stellen déi agreabel Aspekter vum Liewen an de Fokus: Mir lauschteren zesumme Podcasten, beschäftegen eis mat spannende lëtzebuergesche Wierder, mixe Cocktailen, poteren iwwer Serien, Filmer a Videospiller, beliichten Eventer aus Sport a Kultur, maachen eng Fënster op aner Kulturen op, a mir probéieren erauszefannen, wéi aner Generatiounen d'Welt erliewen.

Och de Museksquiz mam Mike Tock ass nees zeréck aus der Vakanz! All Dag um kuerz no 16:00 Auer kënnt Dir Tickete fir déi beschte Concerte gewannen.

Donieft lount et sech och an der neier Saison nees de Shazam net ze wäit ewech leien ze hunn. Niewent neien a méi ale Klassiker sti vill musikalesch Decouverten op der Playlist.


Samschdes

Um Samschdeg gëtt de Luc Spada (bekannt aus Fiakso Fest) Iech um 12:00 Auer Rendez-vous fir Vue sur mer. Mat relaxer Musek, spannenden Invitéen a vill Interaktivitéit begleet hien Iech duerch de Weekend.

Duerno, um 15:00 Auer, invitéiert den Tom Dockal an Time Flies op eng kaleidoskopesch, musikalesch Zäitrees. All Woch geet et an en anert Joer.


Klassesch Musek

Déi klassesch Musek bleift weiderhin e feste Bestanddeel vum radio 100,7 mat sonndes um 14:00 Auer der Emissioun Resonanzen. Interviewen an Aktualitéitssujeten zur klassescher Musek héiert Dir an der Emissioun Kultur um 5.

D'Concerte gi wéi gewinnt souwuel um radio 100,7 wéi och um opus 100,7 iwwerdroen. Zousätzlech verstäerke mir an der neier Saison d'Live-Iwwerdrounge vu Concerten a lancéieren zwee nei Podcasten am Hierscht.

An op opus 100,7 kommen d'Klassik-Frënn ronderëm d'Auer op hir Käschten. De Klassikradio wäert am Laf vun der Saison 2024/2025 weider entwéckelt ginn.

Bleift also drun - et erwaarden Iech vill spannend Neierungen!