Radioen

On air

Spektrum  |  White Denim - It Might Get Dark

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ Annonce: Volontariat an der Radio- an Informatiounstechnik

Volontariat

Annonce: Volontariat an der Radio- an Informatiounstechnik

De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e Volontariat an der Radio- an Informatiounstechnik.

De radio 100,7 ass de Sender fir Noriichten, Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Als Service public steet en am Déngscht vun der Allgemengheet a gëtt vum politesch an ekonomesch onofhängegen ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 bedriwwen. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.

Als Service public leet de radio 100,7 Wäert op d’Ausbildung vun der nächster Generatioun vu Mataarbechter:innen. Inspiréiert vun der Ausbildungspraxis an däitschsproochege Medienhaiser huet de radio 100,7 en zweejärege Programm entwéckelt, dee Praxis an Theorie, Tutorat a formell Formatioun, in-house an international Experienz verbënnt. An deem Kader sicht de radio 100,7 fir den Hierscht 2024 een/eng Kandidat:in fir e

Volontariat an der Radio- an Informatiounstechnik


Mir offréieren

  • 24 Méint bezuelte praktesch Ausbildung an der Radio- an Informatiounstechnik.
  • D’Praxis gëtt komplettéiert duerch extern wéi intern Formatiounen.

 

Wat léiers du?

Technesch Basics fir d’Antenn

  • Begleedung an technesch Gestioun vum Radio-Live-Betrib
  • Gestioun vu Mëschpulter, Mikroen an Zouspiller bei all Zort vun Emissioun
  • Gestioun vu Studioen a Kabinnen
  • Bäiträg ophuelen a verschaffe fir d’Diffusioun
  • Bäiträg iwwerpréiwen an audiotechnesch verbesseren

 

Audio

  • Non-destruktive Schnëtt an engem professionelle Broadcast Tool
  • Virbereedung, Recording a Verschaffe vu Bäiträg
  • Basics vun Audioproduktioune

 

Weideres

  • Verwaltung vum Pool Material
  • Mathëllef bei Aussenoptrëtter (Opbau, Mëschen an Iwwerdroungstechnik)
  • Ee multimediale Ronnëmschlag an engem moderne Broadcast-Milieu
  • D’Méiglechkeet sech an deem engen oder anere Beräich ze spezialiséieren

 

Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch

  • Affinitéit fir Technik a Begeeschterung fir Radio an digital Medien
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht an Éiergäiz
  • Maîtrise vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Franséischen an Engleschen
  • Éischt Erfarung, och iwwer Stagen oder Vakanzenjobben, am technesche Beräich si vu Virdeel
  • E Fürerschäin (Kategorie B)

 

Deng Perspektiv
De Volontariat gëtt Dir den theoreeteschen a praktesche Knowhow, fir an der Radiotechnik am audiovisuelle Secteur ze schaffen.

Schéck eis Deng Kandidatur an Däin CV mat Motivatiounsschreiwes a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 5. August 2024 per Email un: rh@100komma7.lu.