De radio 100,7 ass de Sender fir Noriichten, Informatioun, Kultur an Ënnerhalung zu Lëtzebuerg. Als Service public steet en am Déngscht vun der Allgemengheet, a gëtt vum politesch an ekonomesch onofhängegen ëffentlech-rechtleche Média de service public 100,7 bedriwwen. Nieft sengem Radioprogramm offréiert de radio 100,7 op senger Websäit an a senger App och Artikelen a Podcasten.
Als Service public leet de radio 100,7 Wäert op d’Ausbildung vun der nächster Generatioun vu Journalisten a Journalistinnen. Inspiréiert vun der Ausbildungspraxis an däitschsproochege Medienhaiser huet de radio 100,7 en zweejärege Programm entwéckelt, dee Praxis an Theorie, Tutorat a formell Formatioun, in-house an international Experienz verbënnt.
An deem Kader sicht de radio 100,7 fir den Hierscht 2024 een/eng Kandidat:in fir e
Journalistescht Volontariat
Mir offréieren
24 Méint bezuelten Ausbildung als Journalist:in an engem kreativen Ëmfeld, ëmgi vun enger dynamescher a motivéierter Ekipp. D’Praxis gëtt komplettéiert duerch 4 Woche Volontärskurs bei der Akademie für Publizistik zu Hamburg, souwéi interne Formatiounen. Du bass an déi alldeeglech Aarbecht um Radio agebonnen a kriss e festen Uspriechpartner fir all Froen, déi deng Ausbildung uginn. Du léiers, wéi ee Berichter a Reportagë produzéiert, journalistesch Recherchë mécht an hanner dem Mikro schafft. Du kriss en Abléck an déi verschidden Deeler vum Radio, vun der Noriichteredaktioun iwwer d’Online-, d’Kultur- an d’Museksredaktioune bis bei d’Technik, wou professionell Hard- a Software fir Audio- an Digitalinhalter an den Asaz kommen. Am Kader vun de Kontakter vum radio 100,7 an der European Broadcasting Union (EBU) a mat Radioen an der Groussregioun gesäis Du och, wéi aner Radioe schaffen.
Den ideale Kandidat / Déi ideal Kanditatin brauch
- Virwëtz an Interêt u Journalismus, dee gesellschaftlech relevant, kritesch an onofhängeg ass
- Interessi fir Lëtzebuerg an d’Mënschen, déi hei liewen
- Begeeschterung fir Radio a Podcasten
- Affinitéit fir digital Medien an Entwécklungen
- Flexibilitéit, Ekippegeescht a Kreativitéit
- Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Franséischen an Engleschen
- E Schoulofschloss, am beschten um Niveau Bachelor oder Master
- Éischt journalistesch Erfarung, iwwer Stagen oder Vakanzenjobben
- E Fürerschäin (Kategorie B)
Deng Perspektiv
D'Volontariat gëtt Dir den theoreeteschen a prakteschen Knowhow, fir am Journalismus an allgemeng am Mediesecteur ze schaffen.
Schéck eis Deng Kandidatur an Däin CV mat Motivatiounschreiwes a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 8. Juli 2024 per Email un: rh@100komma7.lu.