Radioen

On air

Voix d'auteurs  |  Jean Rouaud - Flamboiement de la métaphore

play_arrow Live
arrow_back_ios

Iwwert den 100,7

Iwwert den 100,7

/ D'Gewënnerklass vun der éischter Kannerradionuecht op Besuch beim radio 100,7

Kannerradionuecht 2023

D'Gewënnerklass vun der éischter Kannerradionuecht op Besuch beim radio 100,7

Leschte Freideg Moien (15.03.) war eng Schoulklass op Besuch beim radio 100,7. No enger Visitt vun de Studioen an de Redaktioune gouf zesummen e Radio gebaut.

De Freideg Moien, de 15.3., war eng méi lass um radio 100,7. 16 Schoulkanner aus dem Cycle 4.1 vun der Trenténger Grondschoul waren nämlech beim Radio op Besuch: Dës Schoulklass, ënner der Opsiicht vun hirer Joffer, der Jennifer Zuk, war eng vun deene Klassen, déi bei der éischter 100,7-Kannerradionuecht de 24. November d'lescht Joer matgemaach hunn. Mat hirer Participatioun hu si sech fir Gewënnspill qualifizéiert, bei deem den éischte Präis eng Visitt vum radio 100,7 war. De Präis gouf dann ausgeloust.

Wärend der Visitt hunn d'Kanner ënner anerem beim Simon Larosche live an de Studio erageluusst a konnte sech e Lidd wënschen ("Diamonds" vum Rihanna), dat de Simon du gespillt huet.

De groussen Highlight vun dëser Visitt war awer de Bastelatelier, bei deem all Kand en UKW-Radio-Bastel-Set vum radio 100,7 geschenkt krut, an dee si du selwer op der Plaz zesummegebaut hunn. Vill Fangerspëtzegefill a Konzentratioun waren hei verlaangt. De radio 100,7-Programmchef Yves Stephany an d'Volontärin Michelle Barthel hunn de Kanner e bësse gehollef, wann et richteg kniwweleg gouf.


D'Banneliewen vun engem UKW-Radio.


D'Klass beim Simon Larosche am Studio (Foto: Jennifer Zuk)