Radioen

radio100,7
  • radio100,7
  • opus100,7
On air

Concert  |  Händel, Rameau a Mozart treffen op d'Louise Farrenc

play_arrow Live
search

/ Fred Keup: d'Lëtzebuerger Sprooch ass a Gefor

Reaktoun op eng rezent Etüd

Fred Keup: d'Lëtzebuerger Sprooch ass a Gefor

D‘Lëtzebuerger Sprooch wier a Gefor, huet de ADR Fractiounschef an Fred Keup am 100,7-Interview betount. Hien huet eng aner Lecture vun der Statec-Etüd op der Basis vu Recensements-Zuelen, déi viru 14 Deeg virgestallt gouf.

auto_stories

3 min

headphones

16 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
(Foto: Jo Diseviscourt)

D’Politik hätt et an der Vergaangenheet verpasst, déi néideg Schrëtt ze ënnerhuelen, fir ze verhënneren, datt d’Lëtzebuerger Sprooch verschwënnt. Dat wier elo amgaang ze geschéien, sot den ADR-Deputéierte Fred Keup.

Manner Lëtzebuergesch am Alldag

Dem Fred Keup no géingen d'Zuelen aus der Etüd, déi erof ginn, sech mat deem decken, wat een dobaussen am Alldag scho kéint bemierken. Am Allgemengen géing d'Benotze vun der Sprooch erof goen. Viru 50 bis 60 Joer wier dat nach aanechters gewierscht, esou den ADR-Politiker.

"Iwwerall, wou een higeet akafen a bei den Dokter, oder wou och ëmmer, wou ëmmer manner Lëtzebuergesch present ass an de Veräiner, iwwerall an d'Versammlungen, wou ee geet, datt ëmmer manner Lëtzebuergesch, dat benotzt gëtt. Ech mengen, dofir muss ee keng Statec-Etüd hunn an do decken sech déi Zuelen am Fong mat deem, wat d'Leit an hirem Alldag och sou mierken."

"Wann déi Zuel esou rofgeet, dann ass dat knallhaart"

De Fred Keup berifft sech op ee Chiffer aus der Vollekszielung vun 2021, wou 30.000 Leit manner wéi nach 2011 uginn haten, Lëtzebuergesch wier hir Ëmgangssprooch am Alldag.

"Wann déi Zuel esou rofgeet, dann ass dat knallhaart, dann ass dat erschreckend. An dat weist am Fong, datt et an eng schlecht Richtung fir eis Sprooch geet. A wann et esou weidergeet, ech mengen, dat kann ee sech jo ausrechnen. Iergendwann verstäerkt dat sech jo och, datt et manner gëtt. An dann ass et puer Mathematik, wann een iwwer d'Jore kuckt, Joerzéngten, datt et iergendwann sou mann gëtt, datt et quasi verluer ass."

Lëtzebuergesch als Mammesprooch ass um klammen

Bei der Vollekszielung, déi de STATEC 2021 gemaach huet, hunn 30.000 Leit manner wéi nach 2011 uginn, Lëtzebuergesch wier hir Ëmgangssprooch am Alldag. Fir d’ADR ass dat de Beweis, datt déi, déi soen, et géif der Lëtzebuerger Sprooch esou gutt goen ewéi nach ni, Onrecht hunn. Datt an deem selwechte Recensement 10.000 Leit méi wéi 2011 d’Fro no hirer Mammesprooch mat „lëtzebuergesch“ beäntwert hunn, ännert näischt un där Meenung.

"Also ech mengen, dat ass eropgaangen, awer ganz liicht. Dat sinn awer keng héich Zuele bei 650.000 Awunner. Do huet vläicht och net jiddweree matgemaach bei der Ëmfro."

Op d'Fro zur Mammesrpooch hunn 90 Prozent vun de Participantë geäntwert. Bei der anerer Fro zur Ëmgangssprooch waren et der nëmme 75 Prozent. Sinn d'Donnéeën zum Theema Mammesprooch also méi fiabel? De Fred Keup mengt, datt dat schwéier ze soe wier, esouguer fir de Statec.

Wat wieren dann dem Fred Keup seng Erklärung zu deem Ënnerscheed?

"Et läit vläicht dorunner, datt bis elo op jidde Fall d'Schoul nach eng gutt Roll gespillt huet, fir d'Kanner vu Migranten ze integréieren. An eng ganz Partie vun deenen, net all, an der Zäit konnte Lëtzebuergesch wierklech esou gutt léieren, datt dat hir Haaptsprooch ginn ass."

Lauschterenplay_arrow

live

Live