Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ESC: Wie sinn déi franséisch, däitsch a belsch Kandidaten?

Eurovision Song Contest

ESC: Wie sinn déi franséisch, däitsch a belsch Kandidaten?

Frankräich an Däitschland gehéieren zu de “Big 5” a sinn domat automatesch an der Finall. Fir d‘Belsch ass et an der Halleffinall net duergaang. E Portrait vun den dräi Kandidaten aus de Nopeschlänner.

auto_stories

6 min

headphones

6 min

play_arrow
Foto: Corinne Cumming / Alma Bengtsson / EBU

Vun der Stroossemusek bis op d’Bühn vum Eurovision Songcontest. Ongeféier esou kann een de Parcours vum 29 Joer jonken Isaak beschreiwen, deen Däitschland dëst Joer um ESC vertrëtt.

Mat 18 Joer huet hien d’Schoul ofgebrach an huet ugefaange sech ganz der Musek ze widmen. Fir d’éischt nëmme mat Cover-Musek. Bis datt hien dann um Ufank vun der Corona-Pandemie seng aller éischt eege Single “Too Late” publizéiert huet.

Ëmmer gutt gelaunt

Allgemeng wierkt hien an den Interviewen ëmmer gutt gelaunt an och immens no u senge Fans. Aneschters wéi aner Eurovisiouns-Kandidate kënnt den Isaak och mol einfach sou an de Presseberäich nieft der Malmö-Arena a gëtt eng kleng Jam-Session

A sengem Lidd “Alwas on the run”, dat den Isaak selwer mat komponéiert huet, geet et ëm Selbstzweiwel a Selbstvertrauen an dorëms, datt et och ok ass, heiansdo einfach nëmmen duerchschnëttlech ze sinn.

Den Isaak ass ESC Kandidat fir Däitschland | © Corinne Cumming / EBU
Den Isaak ass ESC Kandidat fir Däitschland (Foto: Corinne Cumming / EBU)

„Risege Schrëtt an déi richteg Richtung“

Konkret Erwaardungen, wat seng Placéierung an der Finall ugeet huet hie keng. De Contest géifen déi aner maachen, hie wier just hei fir Musek ze maachen a Spaass ze hunn. Op d’Fro, wéi hien seng Chance aschätzt, äntwert hien.

„Auch komplett ungeachtet, welche Platzierung ich hier machen werde, weil das einfach ein absurd riesiger Schritt in die richtige Richtung ist, das sind einfach 200 Millionen Menschen, die meine Musik hören.”

Och mam Fait, datt an Däitschland vill de Geck driwwer gemaach gëtt, et géif ee souwisou ëmmer leschte ginn, geet den Isaak ganz labber ëm.

“Die Deutschen haben so eine Mecker-Qualität. Aber ich glaube, ich weiß ganz gut damit umzugehen. Ich provoziere dann auch gern so ein bisschen.“

Slimane fir Frankräich: Vun de Bars op d‘ESC Bün

Vun Däitschland riwwer a Frankräich. Schonn als Kand huet de 34 Joer jonke Slimane seng Passioun fir d’Musek a speziell fir de Chouer-Gesang entdeckt. Fir d’éischt opgetrueden ass hien a Bars a Clubben zu Paräis. 2016 huet hien dann déi franséisch Editioun vun “The Voice” gewonnen.

Um Turqoise Carpet d’lescht Woch huet de Slimane scho verroden, datt hie mat der Lëtzebuerger Kandidatin Tali ee gemeinsame Projet plangt:

“On va faire un Mash-Up de nos deux chansons pour les réseaux sociaux. On n'est pas beaucoup à chanter en français, donc...”

Héngerhautmoment wärend der Show

De Song “Mon Amour” ass fir de Slimane eng Aart Liebesbréif un all seng Nolauschterer uechter Europa, dat verréit de Sänger an der franséischer Press. Op de soziale Medie schreift hien: pour mes parents, pour ma fille, pour la France, pour toi.

Am Lidd heescht et: Ech hunn dech gär, ech weess net firwat, hues du mech och gär? Fir Héngerhaut suergt hien, andeems hien zum Schluss vu sengem Lidd vum Mikro op der Bün ewechtrëtt, an ouni Mikro eleng an där riseger Hal weiderséngt.

Slimane, Kandidat fir Frankräich beim ESC | © Alma Bengtsson / EBU
Slimane, Kandidat fir Frankräich beim ESC (Foto: Alma Bengtsson / EBU)

Mustii fir d‘Belsch: Dat bescht aus dem Liewe maachen

Emotional ass och d’Lidd vum Kandidat aus der Belsch, fir deen et gëschter Owend net duer gaangen ass, sech fir déi grouss Finall muer den Owend ze qualifizéieren. A sengem Lidd “Before the Party’s over” sengt de Mustii iwwer Liewensfreed. Et ass een Opruff, dat bescht aus dem Liewen ze maachen, wéi hie selwer erkläert.

“Et là, de dire, on a cette force intérieure quoi qu’il arrive. Même si on est à fond, je pense qu’on est tous capables d’entrer en résilience. Parce qu’il y a une urgence de vivre, quoi.“

Hien hätt decidéiert, ee schonn existéierenden Track aus sengen Album Sessions ze huelen, an net ee Lidd speziell fir dëse Concours ze konzipéieren, beschreift de Mustii weider.

An der éischter Hallschent vum Lidd geet et ëm déi méi schwéier Zäiten am Liewen. Dës éischter depressiv Stëmmung ännert sech dann awer an der zweeter Hallschent vum Lidd, déi engem d’Gefill vun Hoffnung gëtt.

De Mustii hat fir d'Belsch beim ESC matgemaach | © Corinne Cumming / ESC
De Mustii hat fir d'Belsch beim ESC matgemaach (Foto: Corinne Cumming / ESC)

Och an der Drag-Zeen an als Schauspiller ënnerwee

Nieft der Musek ass den 33 Joer jonke Sänger Mustii och an der Drag-Zeen ënnerwee. Zanter zejoert ass hien an der Belsch an der Jury vun der Show “Ru Paul’s Drag Race”. Do huet hien déi lëtzebuergesch Kandidatin Madame Yoko kennegeléiert, déi zu Lëtzebuerg ee Cabaret bedreift.

Och als Schauspiller huet de Mustii Succès: 2016 war hien an der Netflix-Serie “The Break” ze gesinn. Dat selwecht Joer krut hie fir seng Roll am Film “L’échange des princesses” de Filmpräiss Margritte als beschten Nowuessduersteller.

Datt Lëtzebuerg no iwwer 3 Jorzengten erëm um Eurovision Songcontest optrëtt, freet de Mustii an och d’Kandidaten aus Frankräich an Däitschland.

Si all konnten backstage d’Tali scho kenneléieren a si vun hir begeeschtert.

Lauschterenplay_arrow

Kultur
Musek