Radioen

On air

Thé Dansant  |  Osibisa - We Want To Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel fir d'Finall vum ESC qualifizéiert - Gréisser Protestaktiounen zu Malmö

Eurovision Song Contest

Israel fir d'Finall vum ESC qualifizéiert - Gréisser Protestaktiounen zu Malmö

Israel huet sech gëschter Owend fir d’Finall vum ESC zu Malmö qualifizéiert. D'Participatioun vun Israel gëtt awer kritesch gesinn. Dofir gouf et gëschter eng Protestaktioun an der schweedescher Haaptstad. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

ESC Malmö | © Sophie Schroeder play_arrow
Manifestante virun der Gemeng zu Malmö (Foto: Sophie Schroeder)

Beim Eurovision Song Contest war et gëschter Owend déi zweet Halleffinall. Domat stinn elo alleguer der Tali hir Konkurrenten an der grousser Finall e Samschdenowend zu Malmö fest. Dorënner och Israel. Am Virfeld hat déi israeelesch Participatioun um Eurovision Song Contest wéinst dem Krich am Noen Oste fir Diskussioune gesuergt. 

Protestaktioun ass roueg verlaf

Eng ronn 5.000 Manifestanten hate sech virun der Gemeng vu Malmö zesumme fonnt. Erwaart goufe bis zu 20.000 Leit.

Eng vun den Organisatricë fuerdert, datt Israel vun der Kompetitioun ausgeschloss soll ginn. 

"Et kann een net mat enger Hand Glitzer ronderëm sech geheien, a mat där anerer Bommen." 

Der Police vun der Plaz no ass d’Protestaktioun roueg verlaf. Uechter ganz Malmö goufen d’Sécherheetsmesurë verschäerft, fir datt de Concours ouni gréisser Virfäll kann ofgehale ginn. 

Weider Manifestatioune si geplangt

Gëschter Owend huet d’Sängerin Eden Golan Israel um Eurovision Songcontest vertrueden. Bei de Prouwe gouf d’Sängerin scho vum Public ausgebuht an awer och mat Applaus begréisst.

Nieft Israel hu sech nach 9 weider Länner fir d’Finall qualifizéiert, an zwar Lettland, Éisträich, Holland, Norwegen, Griicheland, Estland, d’Schwäiz, Georgien an Armenien. An anescht, wéi déi offiziell Wettbüroen et virausgesot haten, ass et fir d’Belsch net duergaangen.

Am Virfeld vun der Finall sinn e Samschde weider Manifestatioune geplangt.

 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Kultur
Musek