Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
100komma7.lu / Biotop

/ Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bësch ass en Ecosystem vun enormer Bedeitung. An a ronderëm den Naturschutzzentrum Burfelt kann een awer ee ganz speziellen Éisleker Bësch erliewen, an zwar d’Louheck.
Eng Louheck besteet aus Eechebeem, déi vu Mënschenhand virun iwwer 300 Joer geplanzt goufen. Haaptgrond heifir war, datt d’Leit d’Schuel (Lou) vun der Eech genotzt hunn, fir Lieder ze gierwen. Well déi Eechebeem a reegelméissegen Ofstänn (all 20-25 Joer) genotzt goufen, sinn ënnerschiddlech Entwécklungsstadien entstanen, déi doriwwer eraus dem Bëschhong an der Wëllkaz en ideale Liewensraum geliwwert hunn.
Duerch zilorientéiert Naturerfarung kommen d’Visiteuren um Burfelt an den enke Kontakt mat der Louheck.
Nieft där Joerhonnerten aler Bewirtschaftungsform erliewen an entdecke si nieft hirem historeschen an ekonomeschen Notzen och deen esou geschafene spezielle Bëschliewensraum.
Et ass derwäert sech Zäit ze huelen an esou mat an déi faszinéierend Welt vun der Louheck anzedauchen. Déi enorm Diversitéit, mee awer och déi vill Zesummenhäng tëschent Mënsch a Bësch iwwerraschen ëmmer erëm.
Mat Hëllef vun den naturpädagogeschen Aktivitéite kënne vill Geheimnisser am Bësch aktiv entdeckt ginn an esou déi vill Interaktioune besser verständlech gemaach ginn.
Mat Aktivitéite fir Schüler:innen esou wéi engem Joresprogramm fir de Grand public, ginn ënnerschiddlech Altersgruppen zum Theema ugesprach. Invité ass de Serge Hermes, Fierschter a Responsabelen am Centre nature et forêt Burfelt.

Edukatioun
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Ëmwelt
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Verschwannen d'Bestëbser?

Verschwannen d'Bestëbser?

Zanter Jore gëtt ee staarke Réckgang vun de Bestëbser-Insekten observéiert. Dat huet e puer Grënn: d’Flächeversigelung, den Asaz vu Pestiziden an d’Verschwanne vun den natierlechen Narungsquellen a Liewensraim vun de Wëllbeien oder Päiperleken.
headphones

13 min

play_arrow

Wat bedeit et wann e Beräich zum Naturschutzgebidd proclaméiert gëtt?

Op der Musel ginn et 4 interessant Naturschutzgebidder, de beschtbekannten ass de Biodiversum Camille Gira. Mee wat mécht dësen esou besonnesch?
headphones

10 min

play_arrow
Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)

Majiskraut - Léifstack (Liebstöckel, livèche, lovage)

En onkomplizéiert, romantescht Kraut, vun deem een alles vun der Planz dat ganzt Joer iwwer an der Kiche verwäerte kann.
headphones

9 min

play_arrow
Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur

Ouni Pestiziden - Eng Alternativ fir Mënsch an Natur

Zanter 15 Joer setzt sech déi national Campagne “Ouni Pestiziden” fir de Verzicht op Pestiziden an. Hire Message ass kloer: “Manner sprëtzen, méi naturno Alternativen”.
headphones

6 min

play_arrow
Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass

Eng gréng Terrass oder Balcon, déi och Insekte-frëndlech ass

Wéi ee mat einfachen Mëttelen de Balcon oder d’Terrass méi naturno an Insekte-frëndlech gestalte kann.
headphones

15 min

play_arrow
Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

Den Eisléker Bësch aktiv (er)liewen

An a ronderëm den Naturschutzzentrum Burfelt kann een e ganz speziellen Eisléker Bësch erliewen, an zwar d’Louheck.
headphones

8 min

play_arrow
Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Net alles aus dem Baumarkt gehéiert an d‘Natur

Am Fréijoer, wann et mei waarm gëtt an déi éischt Blumme bléien, fänke vill Leit un am Gaart ze schaffen a kafen nei Planzen. Wie säi Gaart ekologesch wäertvoll gestalte wëllt, sollt op e puer Saachen oppassen.
headphones

9 min

play_arrow
Wisen a Weeden

Wisen a Weeden

Vum Hannergrond vun aktuellen Diskussiounen ëm d’Klima, proppert Waasser, Biodiversitéit oder Insektestierwen, kréien aarteräich Wisen a Weeden ëmmer méi Bedeitung.
headphones

15 min

play_arrow
Séisst Geméis | © AlterPhoto / Bigstock

Séisst Geméis

Bei Séissem aus dem Gaart denke mir fir d‘éischt un Uebst. Mee et gëtt och Geméis, dat séiss schmaacht an den Zockergehalt vun Uebst souguer iwwertrefft.
headphones

14 min

play_arrow
Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften

Sumpfdotterblummewiss a Planzegesellschaften

Flora a Fauna vu Sumpfdotterblummewisen
headphones

9 min

play_arrow
D'Villfalt vun de Biotopen

D'Villfalt vun de Biotopen

Biotopen am Naturschutzzentrum Mirador zu Stengefort
headphones

15 min

play_arrow
Naturpedagogik a "Léieren an der Natur" | © Sabrina Schaul

Naturpedagogik a "Léieren an der Natur"

Zwee interessant Projete vun natur&ëmwelt, déi sech virun allem un d‘Kanner adresséieren
headphones

11 min

play_arrow
Bierenuebst schneiden

Bierenuebst schneiden

Gutt geschnidden, bedeit eng gutt Rekolte
headphones

10 min

play_arrow
Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?

Wéi gesond sinn eis Fléissgewässer?

Explikatioune vum Tobias Mosthaf
headphones

11 min

play_arrow
De Naturschutzzentrum A Wiewesch

De Naturschutzzentrum A Wiewesch

Den Naturschutzzentrum A Wiewesch vun der Naturverwaltung läit matzen am Duerf zu Manternach an engem eemolege Bauerenhaff.
headphones

11 min

play_arrow
2024 ass e wichtegt Joer fir den Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS

2024 ass e wichtegt Joer fir den Natur- an Ëmweltsyndikat SIAS

1974 gegrënnt, feiert de Syndicat intercommunal de l'assainissement du bassin hydrographique de la Syre, 50 Joer.
headphones

9 min

play_arrow

Fro däi Coiffeur

Dee Projet vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg ASBL huet als But iwwer wichteg a sensibel Ëmwelttheemen ze sensibiliséieren, dat an engem Kader, dee jiddwerengem bekannt ass, de Coiffeurssalon.
headphones

8 min

play_arrow

Flosspartnerschaft Syr

D‘Flosspartnerschaft Syr ass en oppent Portal fir jiddwereen, deen am Anzuchsgebitt vun der Syr lieft a sech fir d‘Waasser asetze wëllt.
headphones

9 min

play_arrow
Séien an der Zär oder op der Fensterbänk | © Bigstock / Monia

Séien an der Zär oder op der Fensterbänk

Aus Som seng eege Setzplanzen ziichte fir an de Gaart ass mat Aarbecht a Gedold verbonnen, mee, d‘Resultat rentéiert sech.
headphones

13 min

play_arrow
Den Naturschutzzentrum Ellergronn

Den Naturschutzzentrum Ellergronn

Hei trëfft alles openeen, wat de Räichtum vum Lëtzebuerger Süden ausmécht.
headphones

11 min

play_arrow