Radioen

On air

De Moien  |  Pilot - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursula von der Leyen weist sech kämpferesch

DEBATT EU-SPËTZEKANDIDAT:INNEN

Ursula von der Leyen weist sech kämpferesch

Aacht EU-Spëtzekandidat:innen stounge sech an enger éischter ëffentlecher Debatt virun den Europawale géintiwwer. Erausgestach hunn d’Chrëschtdemokratin Ursula von der Leyen an de Grénge Bas Eickhout, wärend den Nicolas Schmit sech net vill agemëscht huet.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

Den Debat zu den Europawalen zu Maastricht. | © YouTube / Politico play_arrow
Screenshot: YouTube / Politico

Annerhallef Stonn laang hu fënnef Männer an dräi Fraen, déi vun hire Parteien als déi Kandidaten designéiert goufen, fir an der nächster Legislaturperiod un der Spëtzt vun der Europäescher Kommissioun ze stoen, op Invitatioun vum Magazine Politico zu Maastricht méi oder manner engagéiert iwwer Klima, Sécherheet an Demokratie diskutéiert.

Eng richteg Debatt mat esou vill Leit um Podium ass kaum dran. An awer huet déi éischt ëffentlech Diskussioun vu Spëtzekandidat:inne vun dëser Walcampagne een Abléck ginn, an dat, wat eis an de nächste Wochen erwaart.

Loyers-Deckel an 10.000 EU-Beamten erausgeheien: Konkret Propose vu ganz lénks a ganz riets

Déi konkretst Propose goufe bal an den Ufanksstatements gemaach, an zwar vum lénken a vum rietse Bord.

En vue vun der Logementskris wëll de Walter Baier, Spëtzekandidat vun deene Lénken, Plattformen ewéi AirBnB méi staark reguléieren an een Deckel fir Loyeren aféieren.

De Kandidat vun der riets-extreemer Fraktioun, „Identitéit an Demokratie“, den Anders Vistisen vun der dänescher Vollekspartei, wëll als éischt emol Zéngdausende vu Bürokraten zu Bréissel virun d’Dir setzen. Ugefaange bei der Kommissiounscheffin, ënner anerem well si ze vill illegal Migranten eragelooss huet.

De Green Deal: Hëtzeg Diskussioun tëscht dem Grénge Kandidat an der Kommissiounscheffin

D’Meenungen iwwert de Green Deal - Mesuren also géint de Klimawandel - ginn duerchaus auserneen. Esou richteg kommen d‘Ënnerscheeder tëscht deene grousse Parteien an deem Debat net op den Dësch. Déi meescht huele fir sech an Usproch, datt si genee wëssen, wat gutt fir d’Baueren ass.

“Et geet ëm Akommes, ëm fair Präisser fir hir Produiten”, resuméiert ee bis dohin net staark am Debat presenten Nicolas Schmit, de Spëtzekandidat vun de Sozialisten.

Iwwerdeems entfacht sech nieft him tëscht senger Cheffin a Spëtzekandidatin vun der Europäescher Vollekspartei, d'Ursula von der Leyen, an dem Grénge Spëtzekandidat Bas Eickhout, tatsächlech esou eppes ewéi eng Diskussioun.

“Et deet mir leed, Madamm von der Leyen, mee Dir verwässert de Green Deal fir d’Baueren, wéi wa gréng Mesuren de Problem wieren.”

Déi däitsch Chrëschtdemokratin gëtt sech kämpferesch, verdeedegt de Green Deal an d’Baueren anengems.

“D’Bauere sinn d’Léisung. Mir wëlle mat hinne schaffen”.

Attacken op extreem riets Fraktioun

Béid Spëtzekandidate gräifen de Vertrieder vun der Extrême Droite frontal un.

“Mir gesinn d’Influenz vu China a Russland an Äre Reien, also kiert d’éischt emol virun Ärer Dier”, sou de Bas Eickhout.

“Botzt bei iech, éier dir eis kritiséiert”, widderhëlt dono d’Ursula von der Leyen. Selwer wollt si sech allerdéngs net ganz wäit no riets ofgrenzen.

Ursula von der Leyen stellt Zesummenaarbecht mat euroskeptescher Fraktioun kloer an Aussiicht

Op d’Nofro vum Bas Eickhout no enger Zesummenaarbecht mat der Fraktioun vun den „Europäesche Konservativen a Reformisten“ (EKR), an där sech zum Beispill déi fréier polnesch Regierungspartei PIS an d’Partei vun der italieenescher Premierministerin Meloni regroupéieren, äntwert d’CDU-Politikerin:

„Et hänkt dovun of, wéi d’Parlament sech no de Walen zesummesetzt a wien a wéi engem Grupp ass.“

Nicolas Schmit: Entweder een Deal mat der Droite oder net

Eng Ausso, déi de Lëtzebuerger Nicolas Schmit dann awer nach zur Attack animéiert. Et géing hei ëm europäesch Wäerter goen, déi net sollte politeschen Arrangementer ugepasst ginn, sou den LSAP-Politiker.

“Entweder Dir maacht een Deal mat der Extreme Droite, well dir se braucht, oder dir sot kloer, do gëtt et keen Deal, well déi net déi Wäerter vertrieden, fir déi eis Kommissioun gekämpft huet.”

De Lëtzebuerger LSAP Politiker ass soss an dësem Debat éischter diskret opgetrueden an huet kaum Gebrauch vu senger “Jolly-Kaart” gemaach, déi ee Participant asetze kann, wann e sech direkt an d’Diskussioun amësche wëll.

D’Ursula von der Leyen huet um Schluss zwar eng Kooperatioun mat der „ID“-Fraktioun, an där déi däitsch riets-extrem „Alternative für Deutschland“ vertrueden ass, ausgeschloss.

Trotzdeem bleift de Message un déi méi moderéiert Droite vun der EKR-Fraktioun däitlech. Och als Hiweis dofir, wéi kompromëssbereet déi fréier däitsch Verdeedegungsministerin ass, fir déi néideg Majoritéit ze kréien, déi si brauch, fir vum Europaparlament als Kommissiounspresidentin erëmgewielt ze ginn.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

Aktualitéit
Europa
Europawalen
Politik a Gesellschaft