Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Tarkett: Aarbechtsminister hëlt Dossier mat an de Konjukturcomité

127 Aarbechtsplazen

Tarkett: Aarbechtsminister hëlt Dossier mat an de Konjukturcomité

Haut si weider Diskussioune mat der Direktioun vun der Firma Tarkett GDL geplangt fir 126 Aarbechtsplazen ze retten. Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet de Moien d‘Spëtzt vum Betrib gesinn. Um 13 Auer de Mëtteg kommen den LCGB an OGBL nees mat der Direktioun zesummen.

auto_stories

1 min

Foto: Archiv

No där Reunioun vun enger Dräivéierelsstonn sot de Georges Mischo, et wär him wichteg gewiescht, d’Direktioun ze héieren. Déi hätt de Moie virun allem hir ekonomesch Lag erkläert.

"Ech sinn am ganz enken Austausch elo mam Lex Delles, mam Ekonomiesminister, a mir wäerten dat doten elo an den nächste Comité de conjoncture huelen. An da kucke mer, wat dobäi erauskënnt."

An der Mëttesstonn gesinn d’Gewerkschaften dann nach emol d’Directioun vun Tarkett. D‘Gewerkschaften hate gëschter no enger éischter Reunioun kritiséiert, datt d‘Direktioun net bereet wier, fir iwwer een neie 'Plan de Maintien dans l’emploi' ze diskutéieren.

De Lëtzebuerger Grupp vum franséische Konzern hat d’lescht Woch annoncéiert, 126 Aarbechtsplaze wëllen ze sträichen, well eng Produktiounslinn am Wierk zu Lenzweiler bei Klierf Enn dës Joers gestoppt gëtt.

Aktualitéit