Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Service "Riicht eraus": Wou d'Täter vun haislecher Gewalt Hëllef ugebuede kréien

Iwwer d'(Hanner)grënn vun haislecher Gewalt

Service "Riicht eraus": Wou d'Täter vun haislecher Gewalt Hëllef ugebuede kréien

Am Service “Riicht eraus” vun der Croix-Rouge gi Fraen a Männer beroden, déi doheem gewalttäteg gi sinn, oder riskéieren et ze ginn. Et gëtt sech also ëm d’Täter vun haislecher Gewalt gekëmmert. Mee wie sinn d'Täter iwwerhaapt? A wéi leeft sou eng Berodung of? 

auto_stories

5 min

D'Laurence Bouquet (lénks) an d'Daniela Cabete (riets) vum Service "Riicht eraus" vun der Croix-Rouge. (Foto: Christiane Kleer)

D'Laurence Bouquet an d'Daniela Cabete si vu Beruff Psychologin a beroden am Service "Riicht eraus" vun der Croix-Rouge Männer a Fraen, déi doheem géint Familljememberen oder géint de Partner gewalttäteg gi sinn, oder riskéieren et ze ginn. D’Leit, déi de Service opsichen, kommen aus ënnerschiddleche Grënn.

Ënnerschiddlech Leit, ënnerschiddlech Situatiounen

Ronn ee Véierel vun de Clienten – esou nennt d’Laurence Bouquet d’Leit, déi sech am Service berode loossen – komme fräiwëlleg. Bei deene Leit ass nach keng Police intervenéiert. An eenzelne Fäll ass souguer nach keng Gewalt ugewannt ginn.

Een anere Véierel kënnt wéinst Oplage vum Geriicht. Dëst kënnen och Leit sinn, déi virzäiteg aus dem Prisong erauskomm sinn, ënnert der Konditioun, sech bei “Riicht eraus” beroden ze loossen.

Déi iwwreg Hallschent kënnt iwwer Verweisung. Dëst si Leit, déi vun doheem verwise gi sinn an innerhalb vu 14 Deeg op d’mannst eemol bei “Riicht eraus” komme mussen.

D’Laurence Bouquet, déi och Chargée de direction vum Service ass, erkläert, datt d’Prise en Charge vun de Clienten ëmmer déi selwecht ass. D’Clientë kréien ee Rendez-vous mat engem vun de 7 Psychologen. An engem eent zu eent Gespréich gi si da beroden. Sou ënnerschiddlech wéi d’Leit sinn, sou ënnerschiddlech wieren och hir Theemen a Situatiounen, betount d’Laurence Bouquet. Eppes hätte si awer bal all gemeinsam: Leit, déi berode ginn, sinn dacks an enger Kris.

Keen ass besser oder méi schlecht wéi een aneren

Déi meescht Leit wéissten och, datt si eppes falsch gemaach hunn. Dacks géinge si sech och schummen, oder wieren iwwer sech selwer erféiert. D’Psychologin ënnersträicht awer, datt kee besser oder méi schlecht wéi deen anere wier. Een, dee präventiv kéim, wier net besser wéi een, deen engem anere physescht Leed ugedoen huet. Bei “Riicht eraus” géing de Gewaltakt jugéiert ginn, net awer d’Persoun, esou d’Laurence Bouquet.

Aus der Siicht vun de Psychologe wier d’Aarbecht tatsächlech bësse méi einfach, wann den Täter sech senger Verantwortung bewosst ass. Bei Leit, déi zougewise goufen, géing et awer méi laang daueren, bis si déi néideg Motivatioun entwéckelen, fir u sech ze schaffen. D’Daniela Cabete, déi och als Psychologin am Service schafft, erkläert, datt d’Leit dacks iwwer ee ganze Mount eemol d’Woch bei si kommen. Dat kann natierlech och variéieren, mee et kéim op d’Reegelmässegkeet un.

Ënnerdréckte Gefiller léise Gewalt aus

No der Zäit am Service ass d’Aarbecht awer nach net eriwwer. Et kann een un Therapien uknäppen, wéi zum Beispill eng Koppeltherapie. Ier et souwäit ass muss de Psycholog sech awer sécher sinn, datt de Client seng Verhalensweis geännert huet. D’Daniela Cabete betount, wéi wichteg et ass, datt d’Leit op hir Gefiller lauschteren. Gewalt géing ëmmer duerch Gefiller ausgeléist ginn, déi ënnerdréckt ginn, esou d’Psychologin. Dat soll een identifizéieren a léieren, besser ze kommunizéieren.

Mee wéi gesäit dës Aarbecht aus der Siicht vum Psycholog oder vu der Psychologin aus? Kann een do emotional gesinn ëmmer neutral bleiwen? D’Laurence Bouquet erkläert, datt all Psycholog aus dem Service eng Zousazausbildung gemaach huet. Mee natierlech kéint et heiansdo virkommen, datt een ee Fall muss ofginn, wann deen engem ze no geet. Dat wichtegst wier, datt de Client ëmmer déi bescht méiglech Prise en Charge garantéiert kritt.

De Gros si Lëtzebuerger, an och Frae sinn Täter

Am Joer 2020 goufen eng 470 Leit am Service beroden. Hei géing et net dee Standard-Profil vu Client ginn, esou d’Chargée de direction. Et si Leit aus alle soziale Schichten. Ronn 40 Nationalitéiten, mee d’Majoritéit si Lëtzebuerger. D’Laurence Bouquet ënnersträicht, datt ee mat de Klischeeën opraume soll, et wieren ëmmer just Auslänner a sozial schwaach Leit, bei deenen haislech Gewalt virkënnt.

An da sinn et och net just Männer, mee och Fraen, déi Täter sinn. Zwar just 10 Prozent, mee d’Psychologin schätzt, datt d’Donkelziffer méi héich ass. Gewalt géing Männer géing manner dacks gemellt ginn, well si sech schummen, bei d’Police ze goen, mengt d’Laurence Bouquet. An och Gewalt vu Mamme géigeniwwer vu Kanner ass eng Realitéit. D’Daniela Cabete fënnt iwwerdeems, datt et méi einfach ass mat Männer ze schaffen, wéi mat Fraen, well d’Männer méi séier d’Verantwortung géingen iwwerhuelen.

Hëlleflosegkeet als Ausléiser oder eng Excuse?

Mee wéini schwätzt een iwwerhaapt vu Gewalt? Et bréicht nämlech net ee Blot Aen oder eng bluddeg Nues, fir datt ee vu Gewalt schwätzt, seet d’Laurence Bouquet. Grad bei Kanner geet et duer, datt een een um Aarm rappt, aspärt, vernennt oder rofmécht. Ee schlecht Gewësse wier schonn een éischten Indice dovun, datt een eppes falsch gemaach huet, seet d’Daniela Cabete. Dacks géinge sou Aktiounen och aus Hëlleflosegkeet entstoen, well ee mat der Situatioun iwwerfuerdert ass. Dat dierf awer natierlech keng Excuse ginn.

Schlussendlech wier awer nach ëmmer Opklärungsaarbecht ze maachen, mengt d’Chargée de direction vu “Riicht eraus”. Leit, déi a sou enger Situatioun sinn, géingen nämlech dacks Hëllef sichen, mee se wéissten net, wou se ze fanne wier. Dobäi géing d’Dier awer fir jiddereen opstoen.

Lauschterenplay_arrow


Wann Dir mierkt, datt Dir Iech selwer iwwerfuedert spiert, an dowéinst mat Gewalt géint Är Familljememberen virgaange sidd - oder et riskéiert dozou ze kommen - da kënn Dir Iech telefonesch ee Rendez-vous bei “Riicht Eraus” huelen ënnert der Nummer 27 55 58 00.

Politik a Gesellschaft