Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ SES keeft Konkurrent Intelsat

Fir 2,8 Milliarden Euro

SES keeft Konkurrent Intelsat

D’SES keeft den amerikanesche Konkurrent Intelsat fir 2,8 Milliarden Euro. D’Lëtzebuerger Satellittefirma huet de Mueren d’Milliardegeschäft annoncéiert. D’Transaktioun muss nach vun den Autoritéiten an Europa an an den USA geneemegt ginn, a kéint bis d’Enn vum nächste Joer an dréchenen Dicher sinn.

auto_stories

2 min

© Paule Rodesch
Foto: Paule Rodesch

D’Verwaltungsréit an d’Aktionären, déi ronn Dräivéierel vun de Parte vun Intelsat halen, hunn hir gréng Luucht scho ginn. Haaptaktionär vun der SES ass jo d’Lëtzebuerger Regierung. Et ass dëst déi éischt grouss Annonce vum Lëtzebuerger Satellittebedreiwer, zanter am Februar den US-Amerikaner Adel Al-Saleh als neie CEO an d’Firma erakomm ass.

Éischt Gespréicher iwwert eng Fusioun tëscht SES an Intelsat waren am Juni viru knapp engem Joer geplatzt, aus wéi enge Grënn war deemools net präziséiert ginn. Medieberichter aus den USA no, hätt et Differenze mat der SES iwwert geschäftlech Prioritéite ginn. Intelsat ass wirtschaftlech ugeschloen a war 2022 knapp der Faillite entkomm.

Zesummen iwwer 100 Satellitten

Gemeinsam kéinte béid Entreprisen eng besser Ofdeckung bidden, mat zesummen aktuell 100 geostationäre Satelliten a 26 Satelliten am Medium Earth Orbit, schreift d’SES an hirem Communiqué.

Bis d’Enn vum nächste Joer sollen nach 15 weider Satellitten derbäi kommen. D’SES rechent zukünfteg mat engem järleche Revenu vun 3,8 Milliarden Euro. De Sëtz vun der fusionéierter Firma soll hei am Land bleiwen, awer och weiderhi staark Präsenz an den USA weisen. Intelsat huet och hire Sëtz zu Lëtzebuerg, gëtt awer vu Virginia an den USA aus geleet.

Luc Frieden schwätz vun engem gudden Dag fir Lëtzebuerg

D’Lëtzebuerger Regierung ass Haaptaktionär vun der SES. Op engem kuerzfristege Point-presse huet de Premier Luc Frieden vun engem gudden Dag fir Lëtzebuerg geschwat.

“An engem schwierege Kontext, wou Stëllstand fir d’SES héchstwarscheinlech e Réckschrëtt bedeit hätt, sinn ech frou, datt d'SES konnt eng aner Firma opkafen an dass net d’SES opkaf ginn ass, dass se sech preparéiert op d’Zukunft."

Dat wier och d'Aufgab vum Staat als Aktionär vun engem Betrib.

Aktualitéit