Radioen

On air

Notturno  |  Gilberto Gil - Pai e Mãe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei-Kaledounien: 1.000 zousätzlech Polizisten op d‘Plaz geschéckt

Wéinst der extrem gespaanter Situatioun

Nei-Kaledounien: 1.000 zousätzlech Polizisten op d‘Plaz geschéckt

Wéinst där extrem gespaanter Situatioun an Nei-Kaledonien sollen elo 1.000 zousätzlech Polizisten op d‘Plaz geschéckt ginn, dat huet de franséische Premier Gabriel Attal, um Bord vum Verdeedegungscomité zu Paräis, ugekënnegt.

auto_stories

1 min

Nei-Kaledounien | © Raphaël Arnault
Foto: Raphaël Arnault / X

1.700 Poliziste wiere schonn op der Plaz.

An Nei-Kaledounien gouf et um Donneschdegmoien e weideren Doudegen. Ee Gendaarm wier duerch een "Tir accidentel" ëm d‘Liewe komm. Dat huet den Inneminister Gérald Darmanin matgedeelt. Domat ass d‘Zuel vun den Doudesaffer op fënnef geklommen. Zanter gëschter gëllt den État d‘Urgence am franséischen Iwwerséigebitt. 

Zanter e Méindeg kënnt et ëmmer nees zu schlëmmen Onrouen. Hannergrond ass eng Verfassungsrevisioun, déi gëschter zu Paräis gréng Luucht krut. Doduerch sollen elo Dausende franséisch Bierger am Inselstaat am Südpazifik d‘Walrecht kréien an domat hätte si méi politeschen Afloss. Dogéint wiere sech d‘Separatisten.