Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Reunioun mat Tarkett: Gewerkschafte sinn onzefridden

LCGB an OGBL

No der Reunioun mat Tarkett: Gewerkschafte sinn onzefridden

Nom Rendez-vous de Moie vun der Direktioun vun Tarkett beim Aarbechtsminister hat d’Firma de Mëtten nees d’Gewerkschaften LCGB an OGBL op Besuch. Fir déi war dat awer, wéi si no där Reunioun soten, kee positiven Nomëtten.

auto_stories

1 min

Fir den Alain Rolling vum OGBL géif de Sozialplang, deen Tarkett virschwieft, virun allem Salariéë vu 50 Joer a méi treffen, déi zum groussen Deel net an de Genoss vun enger Preretraite kéimen an nëmme ganz schwéier eng nei Aarbecht fanne kéinten.

D’Gewerkschafte wëllen e Méinden e Fuerderungskatalog presentéieren, mee d’Direktioun hätt wuel vu Paräis eng Zuel u Leit ordonéiert kritt, déi sollten entlooss ginn.

D’lescht Woch hat den Autoszouliwwerer mat Sëtz zu Lenzweiler an der Gemeng Wëntger jo annoncéiert, 126 Leit wëllen ze entloossen, wat net grad e Véierel vun der Beleegschaft wier.