Radioen

On air

Notturno  |  Ryvage & Them Lights - Yesterday (Ryvage Rework)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Nom Brand zu Leideleng: Asbest ënner de Schuedstoff-Emissiounen

Brand an enger Scheier

Nom Brand zu Leideleng: Asbest ënner de Schuedstoff-Emissiounen

Ënnert de Schuedstoff-Emissiounen, virun deenen d’Gemeng Leideleng nom Brand virgëschter Owend an enger Scheier warnt, ass och Asbest. Dat konnt eis de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster confirméieren. Genee Wäerter kann een keng ginn.

auto_stories

2 min

Leideleng Feier Scheier | © Sophie Schroeder
Foto: Sophie Schroeder

Den Ament konzentréiert ee sech op d‘Opraumaarbechte vun de Schied, heescht et op eis Nofro hin aus dem Ëmweltministère. Demnächst soll méiglecherweis een Expert vun der ITM d’Situatioun op der Platz analyséieren.

Nummer sécher awer keng Panik

Och wann Asbest un der Loft net esou geféierlech ass, wéi an engem zouene Raum, wollt een als Gemeng op Nummer sécher goen an d’Awunner fréizäiteg warnen, sou nach de Lou Linster. Onnéideg Panik verursaache wéilt een awer och net.

D’Police wier aktuell scho mat spezielle Mooss-Apparater am Asaz, erkläert de Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster.

“Dat war jo och een Eternit-Daach op engem Deel vun der Scheier, dat ware jo och déi kleng Explosiounen, déi d’Leit wärend dem Brand héieren hunn, wou et dann sou gepätscht huet. An da waren awer och nach Stockagen vun deenen Eternits-Daach-Zillen, déi hannen am Haff waren, déi sinn deelweis geschmolt.”

D’Leidelenger Primärschoul bleift zwar haut normal op an den Unterrecht fënnt statt, mee d’Schüler mussen awer wärend de Pausen dobanne bleiwen, dat confirméiert d’Administratioun vun der Primärschoul.

Genee Wäerter kënnen net gemooss ginn

Genee Asbestwäerter an der Loft kann een awer net uginn erkläert den Ëmweltminister Serge Wilmes:

“Mir hu keng Grenzwäerter, déi festgesat si fir den Asbest an der Loft kënnen ze moossen. Dofir sinn och u sech eis Kontrollekippen déi et do gëtt net outiliéiert fir do iergendwéi Asbest festzestellen, dat ass momentan d’Situatioun.”

Iwwer d’Brandursaach, wéi och iwwer eng méiglech Entwarnung wollt de Leidelenger Buergermeeschter sech net äusseren an huet op d‘Enquête verwisen, déi nach leeft. En Donneschden wier ee weideren Expert op der Platz, fir z’analyséieren, wéi een de Site schnellstméiglech dekontaminéiert kritt, preziséiert nach de Lou Linster.

 

 

Aktualitéit