Radioen

On air

Notturno  |  Anohni And The Johnsons - Why Am I Alive Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luxair: Satelittestéierunge féieren net zu Kontrollverloscht

No Stéierunge vun de GPS-Signaler

Luxair: Satelittestéierunge féieren net zu Kontrollverloscht

D’Luxair schreift, datt si an der Lag wier, effikass op d’Stéierung vun de GPS-Signaler ze reagéieren. Dës Virfäll féieren ni zu engem Kontrollverloscht vum Fliger, ënnersträicht d’Fluchgesellschaft. Domat reagéiert d’Luxair op „Ongenauegkeeten an der Medieberichterstattung“ iwwer dëst Theema.

auto_stories

2 min

Luxair | © picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Ënner anerem d’Lëtzebuerger Wort huet geschriwwen, datt de Pilot am schlëmmste Fall d’Kontroll iwwer de Fliger kéint verléieren, wann de satellittegesteierten Navigatiounssystem gestéiert gëtt.

Mesure goufe geholl fir Risiken ze reduzéieren

Als Reaktioun op Virfäll an e puer Regioune vun der Welt an de leschte Méint, hätt d’Luxair déi vun de Fligerproduzente recommandéiert Prozedure séier ëmgesat. Domat sollen déi verbonne Risike reduzéiert ginn, esou d’Fluchgesellschaft an hirer schrëftlecher Positioun. Dozou gehéiert d’Ofschalte vum GPS-Signal an den Asaz vu konventionellen Navigatiounssystemer.

D’Luxair ënnersträicht, datt dës proaktiv Mesuren d’Sécherheet vun de Flich net géife beanträchtegen. D’Airline engagéiert sech, déi héchst Sécherheetsstandarde bei der ganzer Flott an op all hire Strecken anzehalen.

Stéierunge ginn iwwerwaacht

Virfäll vu GPS-Stéierunge géife virun iwwerwaacht ginn, an entspriechend Mesuren ergraff ginn, kënnegt d’Luxair un.

Hannert de Stéierunge vun der Satellittennavigatioun stieche méiglecherweis gezilten Attacken, huet d’Zeitung Trierischer Volksfreund geschriwwen. Zitéiert ginn am Artikel Experten, déi géifen unhuelen, datt Russland hannert dësen Attacke kéint stiechen.

Aktualitéit