Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iwwerschwemmungen a Kenia: Zuel vun Affer kéint weider klammen

Kenia

Iwwerschwemmungen a Kenia: Zuel vun Affer kéint weider klammen

A Kenia sinn op d‘mannst 46 Leit ëm d‘Liewe komm nodeems e Staudamm wéinst staarkem Ree gebrach ass. D‘Ongléck ass an der „Rift Valley“ am Oste vum Land geschitt. Déi meescht Affer wieren am Schlof gestuerwen.

auto_stories

1 min

Hir Haiser wiere vun de Waasser- a Bulli-Massen iwwerschwemmt ginn, d‘Zuel vun Affer kéint nach klammen, esou d‘Police. Och op anere Plazen a Kenia ginn et Iwwerschwemmungen. Am Ganze si gëschter 66 Mënschen ëm d‘Liewe komm.

Déi aktuell Reeperiod, déi am Kenia am Mäerz ugefaangen huet, gëtt de Wieder-Experten no duerch de Klimawandel an de sougenannten El Nino Phenomeen verstäerkt.

Och an Tansania a Burundi ginn et den Ament déidlech Iwwerschwemmungen.