Radioen

On air

Notturno  |  Yussef Dayes - Marching Band Feat. Masego

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Iran: 16-Järegt Meedche soll vu Sécherheetsforce vergewaltegt an doutgemaach gi sinn

No Protest 2022

Iran: 16-Järegt Meedche soll vu Sécherheetsforce vergewaltegt an doutgemaach gi sinn

Am Iran wier e 16-Joer aalt Meedchen no engem Protest vu Membere vun de Sécherheetskräft vergewaltegt an dout gemaach ginn. Dat behaapt d‘BBC mat Verweis op e confidentielt Dokument vun den iraneschen Autoritéiten, dat der BBC virläit.

auto_stories

1 min

Dat Dokument géif weisen, wat mat där 16-Joer aler Nika Shakarami geschitt ass, nodeems si 2022 bei engem Protest géint den iranesche Regimm verschwonne war. Hir Läich war néng Deeg duerno fonnt ginn. Déi iranesch Regierung hat behaapt, d‘Meedchen hätt sech selwer ëmbruecht.

Am Dokument wat der BBC virläit géif stoen, datt d‘Meedche vu Membere vun den iranesche Revolutiounsgarde verhéiert gouf, am Dokument géifen och d‘Numm vun hire presuméierte Mäerder genannt ginn, sou d‘BBC.