Radioen

On air

De Moien  |  Pilot - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Patrick Dury: Gruef tëschent Privatsecteur a Fonction publique dierf net méi grouss ginn

LCGB

Patrick Dury: Gruef tëschent Privatsecteur a Fonction publique dierf net méi grouss ginn

De Patrick Dury gleeft un eng gemeinsam Front vun OGBL, LCGB a CGFP am Dossier Pensiounsreform. Och wann d’Interessie vu Privatsecteur an ëffentlechem Déngscht an där Fro net deckungsgläich sinn.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

play_arrow

No Gespréicher mam CGFP-President gëtt et kee Grond dovun auszegoen, datt dat kéint anescht sinn, seet de Patrick Dury.

A senger Ried um 1. Mee hat de Patrick Dury ënnerstrach, et kéint net sinn, datt duerch déi geplangt Reform de Gruef tëschent Privatsecteur a Fonction publique “nach méi grouss” géif ginn.

Politik misst de ville Frontaliere Rechnung droen

47 Prozent vun de Beschäftegten um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart si Frontalieren. Dee Prozentsaz hat de STATEC kuerz virum Dag vun der Aarbecht genannt. Där Tatsaach misst d’Politik Rechnung droen, sou den LCGB-President Patrick Dury gëscht a senger 1.-Mee-Ried.

Si misst, am Interessi vun der sozialer Kohäsioun, dofir suergen, datt keen Ënnerscheed tëscht engem Salarié dës Säit, an engem aneren déi Säit der Grenz gemaach gëtt.

Besteierung vun Iwwerstonnen: Nach net dat lescht Wuert geschwat

Dat riskéiert elo allerdéngs bei der Besteierung vun Iwwerstonnen bei de Grenzgänger aus Däitschland ze geschéien. De Patrick Dury huet awer ugedeit, datt no den Aussoe vum Finanzminister an deem Dossier nach net dat leschte Wuert geschwat ass.

De Gilles Roth hätt confirméiert, datt Demarchen amgaange wieren, „fir dat an d‘Rei ze kréien.“

„Mir haten dat do scho virun iwwer zéng Joer, wou deemools déi däitsch Kolleege wa se de Congé an Däitschland verbruecht hunn, op hirem Congé an Däitschland besteiert gi sinn. An dat ass deemools an d'Rei komm, well de Finanzminister vun deemools, de Luc Frieden, dat mat sengem Homolog zu Berlin gereegelt huet.“

Elo géif ee sech déi selwecht Approche erwaarden, betount de Patrick Dury.

Lauschterenplay_arrow