Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hoffnung fir Wafferou am Noen Oste bleift bestoen

Noen Osten

Hoffnung fir Wafferou am Noen Oste bleift bestoen

Am Noen Osten ass nach keng Decisioun iwwert eng nei Wafferou an der Gazasträif gefall, mee d‘Hoffnung bleift bestoen. Déi militant-islamistesch Hamas huet gëschter bei weidere Verhandlungen zu Kairo nach net gesot, ob si déi nei Propose vun Israel acceptéiert oder net.

auto_stories

1 min

Palestinenser | © picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi

D‘Hamas-Delegatioun hätt déi ägyptesch Haaptstad verlooss, mee wéilt elo bannent den nächsten zwee Deeg eng Äntwert ginn, heescht et aus ägyptesche Sécherheetskreesser.

Déi nei Propose vun Israel gesäit eng Wafferou vu 40 Deeg vir an den Austausch vun israeelesche Geisele vun der Hamas mat palästinensesche Prisonéier. Den US Ausseminister Anthony Blinken, dee gëschter zu Riad a Saudi-Arabien war, sot, d‘Propos vun Israel wär ganz generéis, hien huet d‘Hamas opgeruff, se ze acceptéieren.