Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gérard Depardieu muss sech viru Geriicht veräntwerten

Frankräich

Gérard Depardieu muss sech viru Geriicht veräntwerten

Nei Etapp an der Affär vu sexuellen Aggressiouns-Virwërf géint de Gérard Depardieu. De franséische Schauspiller muss am Oktober viru Geriicht veräntwerten.

auto_stories

1 min

© picture alliance
Foto: picture alliance

Hien ass ugeklot wéinst presuméierter sexueller Aggressioun géint zwou Frae wärend dem Tournage vun engem Film am September 2021. Dat huet de Parquet vu Paräis gëschter annoncéiert. De Gérard Depardieu war gëschter de ganzen Dag ënner Garde a vue placéiert ginn.

Zanter 2020 leeft géint hien och eng Enquête wéinst presuméierter Vergewaltegung vun enger Schauspillerin. Ob et och an dësem Fall zu engem Prozess kënnt ass nach onkloer.