Radioen

On air

Notturno  |  Anohni And The Johnsons - Why Am I Alive Now?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europol: An der EU gëtt et 800 kiminell Netzwierker

Europäesch Police

Europol: An der EU gëtt et 800 kiminell Netzwierker

Méi wéi 800 kriminell Netzwierker bedreeën d‘EU. Dat huet d‘Policeautoritéit Europol erausfonnt. D‘Netzwierker hätte méi wéi 25.000 Memberen, heescht et am Rapport iwwert dat organiséiert Verbriechen.

auto_stories

1 min

Europol | © Europol
Foto: Europol

Et géif sech just ëm déi geféierlechst Netzwierker handelen. D‘Operatioune vun de Kriminelle géife sech direkt op d‘EU Bierger auswierken. Als Beispill nennt de Rapport d“Ndrangheta-Familien an Italien. Profitter aus Drogen a Waffenhandel géifen a ganz Europa investéiert ginn. An Immobilien, Supermarchéen an Hoteller. Déi gréisste Bedreeung wier d‘Infiltréirung vun der legaler Geschäftswelt esou Europol.