Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et feelt un Noutstrukture fir Jonker am Norden

Gesellschaft

Et feelt un Noutstrukture fir Jonker am Norden

Et feelt un Noutstrukture fir Jonker am Norden. Am ganze Land ginn et eng 316 Plaze fir Jonker déi am Lycée sinn, mee dréngend doheem eraus mussen. Dovu si just 36 am Norden. Ob sech dat ännere soll ass ongewëss.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: Bigstock / ongap

Sou ass, zum Beispill, de Réidener Jugendtreff ëmmer méi dacks domat konfrontéiert, datt jonk Leit, déi nach an d’Schoul ginn, net doheem kënne bleiwen. Sief dat opgrond vu Vernoléissegung, Gewalt oder aner Bedéngungen, déi déi Jonk net aushale kënnen.

Komplizéiert Prozeduren

D’Martine Thilmanns ass Responsabel vum Jugendtreff zu Réiden un der Atert. Si erkläert, datt d’Prozeduren déi, déi jonk Leit musse maachen, dacks laangwiereg a komplizéiert wieren. Dobäi kënnt, datt si keen adaptéierte Plang fir Noutfäll hätten.

D’Educatrice erzielt vun engem Fall, deen de Jugentreff viru Kuerzem hat: eng jonk Persoun déi, Sonndes Owes um hallwer zéng, virun hirer Dier steet. Hien huet vun doheem misse fort. D’Martine Thilmanns stellt dobäi d’Fro: “Wat solle mir an sou engem Fall maachen?”. Sonndes Owes schaffen d’Educatricen aus dem Réidener Jugentreff net. A si sinn och net verflicht, op esou Messagen ze äntweren.

„Mais on est des humains. Et donc, quand ce problème se pose, fatalement quelqu’un de l’équipe va répondre. Et donc là, on met toute une machine en route, en essayant de trouver des solutions. On s’appelle les uns les autres, qu’est-ce qu’on fait.“

Et ass net ëmmer direkt eng Plaz fräi

No deem Sonndeg Owend huet et aacht Deeg gedauert, bis déi jonk Persoun an der eenzeger Noutstruktur am Norde vum Land ënnerkomm ass. Dat hätt och psychologesch Konsequenzen fir déi betraffe Persounen.  

De ganzen Norde muss op eng eenzeg Noutstruktur, zu Ettelbréck zeréck gräifen. Do ginn et 36 Plazen. De Service Nordstadjugend ass den Träger vum Jugendwunnen zu Ettelbréck. D’Mataarbechter erklären, datt déi Noutstruktur dacks iwwerlaascht wier.

Jugendherberge keng Léisung fir Jonker an Nout

Fir op d’Problematik opmierksam ze maachen, hätt de Réidener Jugendtreff sech schonn un de Ministère gewant. Dat a Form vun oppene Bréiwer – mee d’Äntwert war kloer: et géif ee momentan kee Besoin gesinn, fir eng weider Noutstruktur am Norden opzemaachen.

Net nëmme de Jugentreff zu Réiden kämpft mat dem Manktem u Noutstrukturen. Och de SePAS (Service psycho-social et d'accompagnement scolaires) aus dem Lycée du Nord zu Woltz kennt dës Problematik. Dacks géif op Jugendherbergen zeréck gegraff ginn. Do wieren d’Plazen awer net garantéiert oder déi Betraffe misste wiesselen – dräi Nuechten an där enger Jugendherberg, dann dräi an enger anerer. Fir d’Chef de Departement vum SePAS, d’Caroline Lorti, ass kloer, datt méi Konzepter wéi “d’Nordstad-Jugendwunnen” misste agefouert ginn.

Dat ënnersträicht och de Rob Arendt, de President vu Resonord. De Sozialzenter beréit néng Gemengen. Si hätten dacks keng aner Léisung, wéi eng Jugenherberge als Ënnerdaach ze fannen. Mee dat wier keng Léisung fir Jonker an Nout. Fir de Rob Arendt wier et eng Tatsaach, datt encadréiert Strukturen am ganzen Norde vum Land géife feelen. D’Politik misst handelen, sou seng Feststellung.

De Ministère verweist op Strukturen an der Haaptstad

Den Educatiounsministère verweist op eis Nofro hin entweder op d’Jugendherbergen oder un d’Péitrusshaus – eng Noutstruktur, déi 24/24 op ass. Déi ass awer net am Norden, mee an der Haaptstad.

D’Responsabel aus dem Réidener Jugendtreff, d’Martine Thilmanns, ënnersträicht iwwerdeems, datt ee weiderhin den Dialog mam Ministère géif sichen. Besoin um Terrain wier do. D‘Projete géife just net séier genuch viru goe par rapport zu de Problemer, déi bestinn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft