Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den Jazz-Crossover-Quintett LINQ bréngt seng éischt LP „Between Worlds“ eräus

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enovos-Mammekonzern: 2023 war nees méi entspaant fir den Energiesecteur

Energiegrupp Encevo

Enovos-Mammekonzern: 2023 war nees méi entspaant fir den Energiesecteur

Den Energiegrupp Encevo schléisst d‘Joer 2023 mat engem Nettobenefice vun 171 Milliounen Euro of. D‘Joer wier däitlech méi entspaant gewiescht a puncto Energieversuergung wéi 2022, och wann dës Krisen nach géingen nowierken, genee wéi déi héich Zënsen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

Enveco Bilan 2023 | © Jacques Ganser play_arrow
Foto: Jacques Ganser

De Präisdeckel, deen d‘Regierung decidéiert hat, mee och d‘Akafspolitik vum Grupp, hätten de Lëtzebuerger Client virun den extreeme Variatioune geschützt, sou de President vum Verwaltungsrot Marco Hoffmann. D‘Augmentatioun tëscht 17 a 60 Prozent vun de Stroumpräisser, wéi de Statec se virausseet, wier net onrealistesch.

D'Marchéë bleiwen nervös

D‘Präisfront hätt sech zwar berouegt an et wier am Viraus akaf ginn, mee eng Garantie wier dat net.

"Déi extreem Präispeaken an déi extreem Volatilitéit vun de Präisser op den Energiemarchéen, déi mir 2022 kannt hunn, waren 2023 net méi esou ausgepräägt. Nawell sinn d‘Energiepräisser net um Niveau vu virun der Kris ukomm, an d‘Nervositéit op de Marchéë weist sech bei all den onbequeemen Noriichten aus der Welt."

Fir Encevo war et dann och e gutt Joer mat engem zolitte Benefice, mee d‘Haapterausfuerderunge géife bleiwen. Et sinn dat Investitiounen an de Reseau an an déi erneierbar Energien. Lëtzebuerg hätt do 2023 een enorme Sprong gemaach, sou de President vum Exekutivcomité Claude Seywert.

"Eleng am Joer 2023 ass déi installéiert Kapazitéit ëm 128 Megawatt an d‘Luucht gaangen. A wann een dat kuckt, da gesäit een, datt vun deenen 128 Megawatt der tatsächlech 75 hei zu Lëtzebuerg derbäi komm sinn. Dat ass ee Riesesprong hei fir Lëtzebuerg."

Demande vu PV-Anlagen ass explodéiert

Insgesamt ass déi installéiert Kapazitéit vun erneierbaren Energien am Grupp ëm 33 Prozent geklommen. Dat och wéinst den Investissementer a grouss Wandparkprojeten zu Lëtzebuerg an a Photovoltaik-Projeten an der Süd-Äifel.

849 Gigawattstonnen erneierbar Energie huet de Grupp domadder d‘lescht Joer produzéiert. Dobäi kommen d‘nächst Joer nach 4 grouss Projeten am Beräich Agri-Photovoltaik.

Explodéiert ass dann och d‘Demande no private PV-Anlagen. Eleng d‘lescht Joer waren dat der 6.200. 

Lauschterenplay_arrow