Radioen

On air

Notturno  |  Maston With L'Éclair - Ghost

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun annoncéiert geriichtlech Schrëtt géint Meta

Verstouss géint europäescht Recht

EU-Kommissioun annoncéiert geriichtlech Schrëtt géint Meta

D‘EU-Kommissioun geet geriichtlech géint de Facebook- an Instagram-Konzern Meta vir. Dat gouf an der Mëttesstonn zu Bréissel annoncéiert.

auto_stories

1 min

© Bigstock / sergei_elagin

Et soll gepréift ginn, ob d‘US-Entreprise géint europäescht Recht verstouss huet, beim Kampf géint Desinformatioun. Et géif de Verdacht bestoen, datt Meta sech net un d‘Reegele gehalen hätt, an datt doduerch Russland an aner auslännesch Sourcen déi sozial Reseaue konnten notze fir Propaganda an der EU ze maachen.

D‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen sot, et géif drëm goen, europäesch Bierger viru geziilter Desinformatioun a Manipulatioun duerch Drëttlänner ze schützen.